ADR Penning awer net an de Staatsrot?

Den ADR-Kandidat fir an de Staatsrot, den Alex Penning, kéint de fräie Poste refuséiert kréien. D’Regierung wënscht sech nämlech net just e Jurist, mee och eng Fra. De Staatsministère seet eng Decisioun kéint ganz geschwënn matgedeelt ginn.

Pierre Reyland / Maxi Pesch / fa

Staatsrot

Enn Mäerz war am Staatsrot ee Poste fräi gi well d’Vivianne Ecker als Presidentin vum Georges Wivenes ersat gouf. D’Regierung huet d’ADR kontaktéiert fir e Kandidat ze proposéieren. Si huet domat der geplangter Reform vum Staatsrot virgegraff. Déi gesäit ënner anerem vir, dass och Parteien, déi net vill Deputéierter hunn, Kandidate fir de Staatsrot kënne proposéieren. Ënnert der Konditioun, dass si während zwou Legislaturperiode mat op d’mannst dräi Deputéierten um Krautmaart vertruede waren. D’ADR erfëllt dës Critèren.

Méi Fraen am Staatsrot

De Staatsministère huet der ADR de Profil geschéckt, deen de Staatsrot sicht: Et misst ee Jurist sinn, deen am Aarbechts-a Sozialrecht spezialiséiert ass. Den ADR-Nationalcomité huet eestëmmeg decidéiert hire Generalsekretär Alex Penning virzeschloen.​

D’Reform vum Staatsrot gesäit awer och fir, dass an Zukunft op d’mannst siwe Fraen am Conseil d’Etat sinn. A Moment sinn et der fënnef. Am gewënschte Profil war dofir och präziséiert ginn, dass bei gläichwäertege Kandidaturen déi weiblech "virzezéie wier", esou den ADR-President Jean Schoos. D’Preferenz fir eng Fra wier awer net als obligatoresche Critère genannt ginn.

Kéng ADR-Fra déi op Profil passt

Nodeems d’ADR den Alex Penning proposéiert huet, krut se eisen Informatiounen no, en zweete Bréif. E Bréif an deem de Staatsministère méi däitlech op d’Preferenz fir eng Fra insistéiert huet. Dem Jean Schoos no, hätt d’ADR awer keng Fra, déi eng Kandidatur proposéiert huet an dem Profil entsprécht.​

Regierung hëlt Decisioun​

D’Regierung muss elo decidéieren, ob se den Alex Penning trotzdem acceptéiert oder elo schonn op déi geplangte Quote-Reegelung insistéiert. An deem Fall misst d’ADR sech bis 2018 gedëllegen, wann de nächste Posten am Staatsrot fräi gëtt. Aus dem Staatsministère heescht et, d’Regierung géif dës Decisioun geschwënn annoncéieren. Eventuell scho muer am Regierungsrot.

  • De Bäitrag vum Pierre Reyland:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen