Pandemie Paulette Lenert: Impfflicht ass "dernier Recours"

Eng Impfflicht wier fir d'Lëtzebuerger Regierung deen allerleschte Schrëtt, sou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. D'Infektiouns- a Spidolslag wier den Ament zu Lëtzbuerg am Verglach zu aneren EU Länner nach relativ stabel, mee dat kéint sech änneren, sou d'Paulette Lenert. Et misst een elo oppassen an déi sanitär Reegelen déi et gëtt gutt respektéieren, soss wiere weider Mesuren zu Lëtzebuerg net auszeschléissen.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Paulette Lenert

Zu enger genereller Impfflicht seet d'Paulette Lenert, déi wier fir d'Regierung just den "dernier Recours". Wann d'Schrauf misst bäigezunn, hätt ee jo nach Spillraum fir zum Beispill aus dem aktuellen 3G- an e méi strengen 2G-Regimm iwwerzegoen, sou d'Gesondheetsministesch. Datt iergendwann ee gezwonge gëtt sech impfen ze loossen, kann d'Gesondheetsministerin sech net virstellen, wuel awer, datt een iergendwann Strofe kritt, wann ee sech net impfe léisst.

D'Paulette Lenert widderhëlt awer, datt dat fir d'Regierung déi allerlescht Optioun "den ultimative Schrëtt" wier an eng Impfflicht momentan net virgesinn ass.

Déi Lëtzebuerger Gesellschaft wier hirer Meenung no och guer net prett fir esou en déiwen Agrëff an déi perséinlech Fräiheeten. D'Gesondheetsministerin setzt weider drop, Leit, déi der Impfung skeptesch géintiwwer stinn, awer nach vum Contraire iwwerzeegt ze kréien.

Stabilisatioun vun der Situatioun wäert net vum selwe geschéien

Datt déi véiert Infektiounswell eist Land bis elo vill manner schlëmm erwëscht huet wéi verschidden aner Regiounen an Europa, ass fir d'Gesondheetsministesch eng Konsequenz vum virsiichtege Wee, deen d'Regierung an der Corona-Politik ageschloen hätt. Kee Freedom day, kee generelle Verzicht op Masken, vill Tester (ëmmer nach) a Schoulen an Altersheimer. Dat alles hätt dozou geféiert, datt Lëtzebuerg am Moment effektiv esou eppes ass wéi eng kleng Insel, sou d'Paulette Lenert.

Allerdéngs bestéing d'Méiglechkeet, datt d'Situatioun zu Lëtzebuerg sech an der nächster Zäit géif verschlechteren, sou d'Gesondheetsministerin, dorop misst ee sech preparéieren. Fir datt een hei keng nei Mesurë misst aféieren, misst een déi aktuell Situatioun elo agedämmt kréien.

"Et muss schonn eppes geschéien, datt mer wierklech déi Stabilisatioun, déi mer am Moment nach hunn, och gehale kréien. An dat fuerdert en Effort. Dat wäert net vum selwe geschéien."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Impfung
#RiichtEraus

D'Coronavirus Impfung schützt viru schlëmme Krankheetsverleef a bremst d'Iwwerdroung of, sou Experten an eiser Emissioun Riicht Eraus. Et wier elo un der Zäit ongeimpfte Kanner ze schützen.

D'Paulette Lenert an de Xavier Bettel
Corona-Pandemie

Leit, déi viru méi laangem geimpft goufen, sollen eng Booster-Impfung kréie kënnen. Dat huet de Xavier Bettel annoncéiert. Et soll ee weideren Impfzenter opgemaach an eng Impfwoch organiséiert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen