An der Etude vum US-Economist Jeremy Rifkin heescht et, datt mam Car Sharing bis zu 80 Prozent manner Autoe gebraucht ginn. Lëtzebuerg sollt op Elektromobilitéit an 100 Prozent erneierbar Energie setzen, sou eng weider Recommandatioun.
Rifkin vs Tanktourismus
Mécht et da Sënn, datt d'Regierung och nach eng Etude iwwer Käschten an Notze vum Tanktourismus gemaach huet? "Sécherlech", mengt de Paul Polfer. Well de "Rifkin-Modell" kéint wuel eréischt a 15 oder 20 Joer ëmgesat ginn. A während der Transitiounsphas kéint dës Etude interessant Fakte liwweren.
Et wier déi éischte Kéier, datt och déi "externaliséiert" Käschte vun enger wirtschaftlecher Aktivitéit mat gekuckt goufen. Dat heescht déi indirekt Käschte fir d'Ëmwelt an d'Gesondheet, och iwwer d'Grenze vum Land eraus.
De Staat kéint net just déi kuerzfristeg Virdeeler berécksiichtegen, dat heescht d'Recettë vun iwwer zwou Milliarden Euro d'Joer. Dat wier eng "onfair" Aart a Weis fir et ze kucken.
Finanztransaktiounssteier als Alternativ?
Wann een aus dem Tankstelle-Business erausklëmmt, entsteet ee grousst Lach am Budget. De Paul Polfer gesäit den Ament ee "begrenzte Spillraum" fir d'Erausklamme aus dem Tanktourismus. Dat wier ee Prozess, deen awer souwéisou géif kommen, well d'Zäit vun de fossille Brennstoffer op en Enn kënnt.
Et misst een also mat Zäiten no alternative finanzielle Ressourcë fir de Staat sichen. Op d'Iddi vun enger ekologescher Steierreform ugeschwat, nennt de Paul Polfer d'Beispill vun enger méi staarker Besteierung vum Ressourcëverbrauch. Da wier d'Kapital am Verglach zu de Facteuren Aarbecht an Ëmwelt "ënnerbesteiert". Als konkret Iddi nennt de Paul Polfer d'Finanztransaktiounssteier. Mee bis ewell géif Lëtzebuerg sech dëse Piste verschléissen.
Wéi geet et elo weider?
D'Regierung huet annoncéiert, datt een inter-ministerielle Grupp soll d'Entwécklung vum Verkaf op den Tankstelle monitoren. Dëse Grupp soll och Mesuren evaluéieren, fir ee progressive Réckgang vum Verkaf z'erreechen. De Mouvement Ecologique kritiséiert, datt et dofir kee konkreten Zäitplang gëtt.
Et géif am Fong just nach bis d’Fréijoer Zäit bleiwen, wann ee wéilt konkret Mesuren an de Budget 2018 afléissen, esou de Paul Polfer vum Mouvéco de Moien hei op der Antenn. Par konter hätt d'Regierung keen Zäitplang virgesinn, fir den inter-ministerielle Grupp, deen esou Mesurë soll ausschaffen.
Méi kuerzfristeg misst iwwerdeems d'Steierreform nach ugepasst ginn, déi d’nächst Joer soll a Kraaft trieden an iwwer déi d'Chamber nach viru Chrëschtdag ofstëmmt. D'Ëmwelt-ONG proposéiert, fir bei de Leasing-Autoen de Steiertaux fir Gefierer mat Diesel-Motoren eropzesetzen. An amplaz vun Abattemente fir Elektro- an Hybrid-Autoe sollt een op Subside setzen, sou de Paul Polfer. Well dat géif och deene Leit ze gutt kommen, déi manner verdéngen an dowéinst net vill vun de Steiere kënnen ofsetzen.
Laangfristeg Transportpolitik
Et misst een unerkennen, datt d'Regierung vill fir den Ausbau vum ëffentlechen Transport mécht. Et géif iwwer déi aktuell Projeten eraus och vill geplangt ginn. Mee et dierft een net ophalen, fir datt och iwwer d'Legislaturperiod eraus eng nohalteg Transportpolitik kann ëmgesat ginn.
Kloer wier och, datt ee sech mam Ursprong vun der Problematik misst beschäftegen, nämlech dem staarke Wuesstem.