Fuerschung Patenter: E Rezept fir ekonomesch Diversifizéierung
Patenter spillen eng essentiell Roll fir d'Applicatioun vu neien Technologien an der Industrie an anere Wirtschaftssecteuren. Brevetéiert Technologien bedeiten och e Standuertvirdeel fir Betriber unzelackelen, seet de Thomas Schoos vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST). D'Brevet's-Applicatioune si beim LIST zejoert ëm bal 40 Prozent geklommen.
De LIST um Belval ass duerch d’Fusioun vun den ëffentleche Recherche-Zenteren Henri Tudor a Gabriel Lippmann entstanen an ass zanter Januar 2015 aktiv. An Zesummenaarbecht mam ëffentlechen a private Secteur, soll de LIST duerch technologesch Innovatioun a Recherche derzou bäidroen, de Lëtzebuerger Wirtschafts-Secteur ze diversifizéieren an Entreprisen an d’Land unzezéien.
Smart Programmer
Véier Programmer - Smart Cities, Smart Space, Smart Finance a Smart Manufacturing - solle sech wéi e roude Fuedem duerch déi verschidde Fuerschungs-Beräicher zéien, seet de Thomas Schoos, responsabel fir d’Kommunikatioun beim LIST.
D'Schwéierpunkte vun der Fuerschung beim LIST sinn Ëmwelttechnologien, nei Materialien, an Informatiouns- a Kommunikatiouns-Technologien.
Patenter fir Lëtzebuerg attraktiv ze maachen
Dem LIST säi Portfolio vu Patenter gëtt permanent erweidert, heescht et am Joersrapport 2015. D'Applikatioune, fir Patenter, wiren zejoert ëm bal 40 Prozent geklommen. "Mir versichen nei Technologien ze entwéckelen a se dann ze brevetéieren", erkläert den Thomas Schoos. Déi Technologien kéinten dann u Betriber lizenséiert ginn, mam Verspriechen, dass si déi Technologien exklusiv kënne gebrauchen. Dat géif e Standuertvirdeel bedeiten. Un déi Lizenz kéint een d’Konditioun bannen, dass déi Betriber zu Lëtzebuerg bleiwen esou laang si déi brevetéiert Technologië fir hiert Geschäft benotzen.
Grouss Cienten?
Et géifen Demarche lafen, fir "gréisser Clienten" duerch d'Lizenséiere vu Patenter op Lëtzebuerg ze bréngen. Nimm kann den Thomas Schoos den Ament nach net nennen. Zum Beispill hätt de LIST awer och scho bestëmmen Nano-Technologie patentéiert, déi an den USA deposéiert goufen, an un där de LIST och mat verdénge géif, wann déi Technologië gebraucht ginn.
Nationalen Zenter fir Material-Fuerschung
Ee grousse Projet wier de neien National Composite Centre - den Zenter fir d’Fuerschung an Entwécklung vu neie Materialer. Dee soll am Hierscht zu Bascharage opgoen, mam renomméierte Belsche Wëssenschaftler Philippe Dubois als Direkter.
Mam National Composite Centre wëll Lëtzebuerg zur weltwäit véiert-gréisster Plattform ginn, fir d’Recherche an Entwécklung vu Materialer. De Secteur beschäftegt elo schonn zu Lëtzebuerg eng 1.600 Leit a generéiert all Joer ee Chiffre d'affaires vu 400 Milliounen Euro.