Parquet huet sech am Dossier PAG Mamer selwer saiséiert

Wéinst dem allgemenge Bebauungsplang vu Mamer goufen et Perquisitiounen an der Gemeng Mamer an am Inneministère. Déi Nouvelle vun RTL-Radio krute mer bei der Justiz a vu gutt informéierte Source confirméiert. 100,7-Informatiounen no huet de Parquet sech selwer saiséiert.

Dozou ee Bäitrag vum Jean-Claude Franck:

 

D’Enquête wéinst méiglecher illegaler Aflossnam ass scho méi laang amgaang : op Basis vun engem Procès-Verbal vum 27. November 2013, huet de Parquet den 10. Februar 2014 eng Perquisitioun an der Gemeng zu Mamer autoriséiert. Déi fir den Inneministère gouf méi spéit accordéiert. Firwat béid Perquisitioune réischt dësen Dënschdeg, zweeten Dezember vun de Beamte vun der Police Judiciaire ausgefouert goufen, ass net gewosst. D’Beamten hu während de Perquisitioune wéi et schéngt behaapt, si géife sech bei esou politeschen Dossiere selwer net wuel spieren.

Sécher ass awer, datt et eng Enquête géint X ass, déi net op eng Plainte vun enger Drëtter Persoun zréck geet, well de Parquet huet sech auto-saiséiert. Op Basis vu wéi engen Informatiounen, ass eis net bekannt. Et handelt sech em de PAG vu Mamer, a méi speziell em d’Terrainen hannert dem Haus vum Buergermeeschter Gilles Roth.

D’Tageblatt hat de 17. Oktober 2013, e puer Deeg virun de Chamberwahlen en Artikel bruecht an deem behaapt gouf, den CSV-Député-Maire hätt perséinlechen Interêt dru gehat, datt d’Terrainen hannert sengem Haus net bebaut ginn. Dofir wiere se och net an der Revisioun vum Allgemenge Bebauungsplang dran. De grénge Conseiller vu Mamer, de Jemp Weydert, huet déi Reprochen och am Gemengerot erhuewen an huet en Avis juridique virgeluecht, dee senger These Recht ginn huet. De Gilles Roth huet zwee Géigen-Avise virgeluecht. Bis haut ass net definitiv gekläert, ob d’Terrainen hannert dem Gilles Roth sengem Privathaus jee am Bauperimeter waren an dunn eraus geholl goufen, esou wéi seng Géigner dat behaapten.

De Gilles Roth wëll fir den Ament keen Interview zu de Perquisitioune ginn Hie betount, datt et keng Enquête géint hie, mä géint Onbekannt ass.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen