Palästina klot um Internationale Strofgeriichtshaff
Palästina wëll virum internationale Strofgeriichtshaff kloen: Israel kritt reprochéiert op 7 Punkten géint internationalt Recht verstouss ze hunn, dorënner Krichsverbrieche géint Zivilisten, exzessiv Zerstéierung, Verbriechen duerch Koloniséierung, an Apartheid. D’Plainte ass limitéiert op Faiten, déi an de leschten zwee Méint ë.a. am Kader vun der israelescher Militärinterventioun an der Gazasträif geschitt sinn.
De franséischen Affekot Gilles Devers gouf vun de palästinenseschen Autoritéite mandatéiert d’Plainte beim Strofgeriichtshaff ze deposéieren:
Onkloer ass, ob d’Geriicht zu den Haag sech fir kompetent erklärt. Mat enger ähnlecher Initiativ aus dem Joer 2009 waren d’Palästinenser gescheitert, well de Procureur d’Fro vun der Kompetenz net wollt tranchéieren. Well Palästina vun de Vereenten Natioune mëttlerweil als Staat unerkannt gouf, hätt d’Plainte grouss Chancen des Kéier net méi aus formelle Grënn ze scheiteren, sou den Olivier de Frouville gëschter an eisem Owespanorama. De Spezialist fir Internationaalt Strofrecht ass Professer op der Paräiser Uni Panthéon-Assas:
Israel huet den Traité op deem den Internationale Strofgeriichtshaff baséiert ënnerschriwwe mee net ratifizéiert. Wat bedeit et, wann Israel bei enger Enquête also viraussiichtlech net bereet ass ze cooperéieren? Den Olivier de Frouville: