PAG Mamer: schwéier Virwërf géint Gilles Roth
Wéinst der Prozedur um Verwaltungsgeriicht iwwert de PAG Mamer hätt de Buergermeeschter Gilles Roth e Beamte vum Inneministère ënner Drock gesat. Dat sot den Inneminister Dan Kersch nom Regierungsrot. Ënnert anerem dowéinst, hätt de Ministär um Verwaltungsgeriicht net wëlle Positioun huele – wat d’Riichter a rezenten Uerteeler kritiséiert hunn.
Den Dan Kersch erklärt dat domadder, datt hie sech méi Froen iwwert d’Prozedur rondrëm de PAG Mamer géing stellen. De fréieren Inneminister Jean-Marie Halsdorf hätt de PAG Mamer anescht behandelt wéi aner allgemeng Bebauungspläng: de Ministär hätt d’Approbatioun vum PAG net begrënnt, obwuel dat soss ëmmer gemaach gi wier.
De Bäitrag vum Michel Delage:
De Mamer député-maire Gilles Roth huet sengersäits op Nofro hi formell dementéiert, Drock op de Beamten ausgeübt zu hunn. Den CSV-Politiker géing verstoen, datt kee säi Gesiicht wéilt verléieren an hie wéilt keen Ueleg op d’Feier schëdden. Hee géing dofir am Interêt vum PAG Mamer hoffen, datt d’Gemeng an de Ministär nach viru Chrëschtdag eng Léisung fannen, esou de Gilles Roth.