PAG : Divergenzen tëscht dem Inneministère an der Gemeng Mamer
Nodeems d’Verwaltungsgeriicht dem Inneministère seng Approbatioun vum PAG Mamer annuléiert huet, sinn d’Reaktioune verschidden. De Mamer Buergermeeschter Gilles Roth (CSV) seet, de Ball léich elo beim Inneminister an d’Léisung wier ganz no. Den Dan Kersch (LSAP) gesäit dat anescht.
De Bäitrag vum Jean-Claude Franck am Mëttes-Panorama :
D’Léisung wier ganz no, seet de Gilles Roth: et wier just gudde Wëllen op béide Säiten néideg. D’Gemeng géif déi 6,7 Hektar vum Immobiliefong Olos Fund an de Bauperimeter huele bei deenen d’Gemeng vum Geriicht Onrecht krut. An den Inneministère géif déi Begrënnungen noreechen, déi de fréieren Inneminister Jean-Marie Halsdorf (CSV) bei senger Approbatioun vum PAG net uginn huet. Den Inneminister gesäit dat anescht. Wann hien nach eng Kéier mam Dossier befaasst gëtt, géif hien eng nei Analyse vum PAG maachen. Ob de Ministère de PAG um Enn gutt heescht oder refuséiert, léisst den Dan Kersch opstoen.
De Gilles Roth geet net dovun aus, datt Mamer an Appel geet. Fir de Rescht muss d’Gemeng ofwaarde, wat den Inneministère an den nächsten dräi Méint ënnerhëlt.