P. Saint-Amans: Nei Amazon-Steierpolitik ass Paradigmewiessel

Dass Amazon d'Beneficer Land fir Land wëll verbuchen, amplaz zentral am europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg, ass ee Paradigmewiessel, mengt den Direkter fir Steierfroe bei der OECD am 100,7 Interview. De Pascal Saint-Amans seet, déi rezent Décisioun vum amerikaneschen Online-Händler géif weisen, dass déi international Beméiunge géint aggressiv Steieroptiméierung hier Friichten droen. De Finanzministère wollt déi nei Strategie vun Amazon op Nofro hin net direkt kommentéieren. Souwäit ee wéisst, hätt Amazon awer wëlles weider Leit zu Lëtzebuerg anzestellen, esou e Spriecher.

De ganzen Interview mam Pascal Saint-Amans um Mikro vum Pia Oppel:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Noriichten

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen