P.Gramegna: Iwwer griichesch Scholdelaascht gëtt elo diskutéiert
Deen neien Hëllefsprogramm fir Griicheland steet. D’Euro-Finanzminister hunn de 14. August gréng Luucht gi fir déi geplangte Kreditter. Eng éischt Tranche vu bis zu 26 Milliarden Euro kann ausbezuelt ginn. Elo mussen nach verschidden national Parlamenter den Hëllefsprogramm vun am Ganze 86 Milliarden Euro gutt heeschen. D’Diskussioune am Eurogrupp wiere ganz positiv gewiescht, sou de Finanzminister Pierre Gramegna. Deen neie griichesche Finanzminister Euklid Tsakalotos hätt de Wëlle vu Griicheland fir Reformen ze maache bestätegt.
Zur Fuerderung vun der IWF-Chefin Christine Lagarde no enger Reduktioun vun der Scholdelaascht fir Griicheland, sot de Pierre Gramegna, d'Euro-Länner hätten net wëllen iwwer eng Ëmschëldung oder eng Restrukturatioun vun der griichescher Schold schwätzen, sou laang d'Verhandlungen iwwer den Hëllefspak nach am Gaang waren. Nodeems déi Verhandlungen elo ofgeschloss wieren, sollt ee bis Oktober driwwer diskutéieren, wéi d'Creanciere Griicheland kënnen entgéint kommen. "Dann wäerte mer kënne vergläichen, ob mir mam IWF op enger Linn sinn", sou de Pierre Gramegna. Kloer wier, datt d'EU den drëtten Hëllefspak zesumme mam IWF wéilt maachen. Am Communiqué vum Eurogrupp gëtt ee Scholdeschnëtt ausgeschloss.
De Fong, dee geduecht ass fir d’Privatiséierung vu Verméigen vum griichesche Staat ofzewécklen, gëtt dëst Joer agesat. Et bräicht een Zäit fir de Verkaf ënner gudde Konditiounen z'organiséieren, esou nach de Pierre Gramegna.
Den Interview vum Carole Schimmer mam Pierre Gramegna: