Gerechtegkeet Oxfam: Pandemie ass "ee Goldrausch" fir Milliardären
D'Corona-Pandemie verschäerft d'Ongläichheeten dramatesch: dës Warnung formuléiert d'Nouthëllefs- an Entwécklungshëllefs-Organisatioun Oxfam an hirem neie Rapport. Zanter dem Mäerz 2020 hätt d'Verméige vun den zéng räichste Männer op der Welt sech verduebelt. Fir Milliardäre géif d'Pandemie engem Goldrausch gläichen, heescht et vun Oxfam.

D'Pandemie hätt zu enger Explosioun ouni Beispill vum Räichtum un der Spëtzt gefouert, stellt de Manuel Schmitt vun Oxfam Däitschland fest:
"Alle Milliardäre zusammen haben ihr Vermögen stärker vermehrt als in den gesamten 14 Jahren von der Pandemie. Auf der anderen Seite hat die Pandemie dazu geführt, dass über 160 Millionen Menschen zusätzlich in Armut leben."
D'Regierungen an d'Zentralbanken hätte Billiounen u Steiersuen an d'Rettung vun der Wirtschaft gestach, esou de Vertrieder vun Oxfam: vill dovu wier an den Täsche vun de Superräiche gelant.
Gläichzäiteg hätten déi allermeescht Leit zum Deel en dramatesche Verloscht beim Akommes gehat - virun allem d'Frae wieren hei betraff, erkläert de Manuel Schmitt. 13 Millioune Fraen hätte weltwäit Aarbecht an Akommes verluer: eleng dee Verloscht géif sech op op d'mannst 800 Milliarden US-Dollar belafen.
Eng méi staark Besteierung vu Betriber a Verméigen
Donieft hätt d'Pandemie och déi global Bildungskris verschäerft. D'Regierunge wieren also generell gefuerdert géigenzesteieren, verlaangt Oxfam.
De Manuel Schmitt verlaangt konkret Mesuren: Déi grouss Konzerner a grousst Verméige misst méi staark besteiert gi fir Schoulen, Spideeler a Fleegepersonal ze finanzéieren. Gläichzäiteg missten d'Entreprise sech dozou verflichten d'Mënscherechter ze beuechten an an de Klimaschutz ze investéieren. Oxfam fuerdert ausserdeem eng méi gerecht Verdeelung vun de Covid-19-Impfstoffer.
De Patentschutz op de Vaccine misst esou séier wéi méiglech ausgesat ginn, fir datt wa méiglech all Mënschen op der Welt Zougang zu enger Impfung kréien, esou de Vertrieder vun Oxfam Däitschland.