ORK iwwert Mannerjäreger an Iwwernuechtungs-Struktur
Wéinst de kalen Temperaturen iwwernuechten aktuell siwe Mannerjäreger, dorënner ee Puppelchen, an der Struktur vun der Wanteraktioun um Findel. Den Ombuds-Comité fir d’Rechter vum Kand ass der Meenung, datt Kanner am Prinzip net sollen do ënnerbruecht ginn, mee datt et besser ass, wéi wann d’Kanner op der Strooss wieren.
D’Jugendgeriicht tranchéiert momentan iwwert d’Suite, déi ee soll där Situatioun ginn. Dem President vum ORK René Schlechter no, dauert dës Situatioun esou laang, well et net einfach ass eng méi adequat Plaz fir déi Kanner oder Famillen ze fannen a well d’Geriicht genee wëll iwwerpréiwe wéi d’Situatioun wierklech ass.
De René Schlechter mengt, datt d’sozial Netzer deelweis scheitere, well et Famille mat Kanner ginn, déi sech kee Logement zu Lëtzebuerg kenne leeschten. En Deel Responsabilitéit géing et op Säite vun den Eltere ginn, mee et misst een sech och froen wéi et iwwerhaapt dozou kennt, datt Famillen an esou prekär Situatioune geroden.
De Bäitrag vum François Aulner:
De ganzen Interview mam René Schlechter: