ORK fir Verlängerung vu Verjärungsfrist bei sexuelle Verbriechen u Mannerjäregen
Den Ombuds-Comité fir d’Rechter vum Kand ass fir eng Verlängerung vun der Verjährungsfrist bei sexuelle Verbriechen u Mannerjäregen.
Am 100,7-Interview verweist de President vum ORK op d’Ausland, wou den délai de prescription dacks méi laang ass wéi zu Lëtzebuerg. D’Frist ganz ofschafen, dat wier dem René Schlechter no méiglecherweis awer net dat richtegt Signal, well Affer missten och incitéiert ginn iergendwann hire Fall ze mellen.
2011 nach haten sech déi meescht Parteien a besonnesch déi Gréng fir d’Ofschafen oder op d’mannst d’Verlängerung vum délai de prescription ausgeschwat. D’läscht Woch huet de grénge Justizminister an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV geschriwwen, eng Verlängerung vun der Verjährungsfrist kéint an d’Ae gefaasst ginn, wann sech da géing erausstellen, datt d’Legislatioun vun 2009 net duergeet. Gläichzäiteg huet hien och d’Fro vun enger Verlängerung vun der Verjährungsfrist nuancéiert, well d’Verjärung réischt géing ugoe wann d’Affer volljäreg ass.
De Bäitrag vum François Aulner: