Optakt vu Referendums-Campagne zu Réiser

D’Gesetz iwwer d’Organisatioun vum consultative Verfassungsreferendum am Juni ass d’lescht Woch an der Chamber gestëmmt ginn. Domadder ass d’Referendums-Campagne also offiziell lancéiert: D’Gemeng Réiser huet e Méinden den Optakt markéiert, mat der éischter Table-Ronde zu enger vun den dräi Referendumsfroen, dem Awunnerwahlrecht. Invitéiert waren den Alex Bodry (LSAP), Eugène Berger (DP), Claude Adam (déi Gréng), Gilles Roth (CSV), Roland Houtsch (ADR) an David Wagner (déi Lénk). D’Pia Oppel huet d’Diskussioun fir eisen Dossier vum Dag suivéiert a Reaktioune vum Publikum gesammelt:
Déi ganz Table-Ronde, moderéiert vum RTL-Journalist Guy Weber: