Opschaffe vum historesche SREL-Archiv: Gesetzprojet um Instanzewee
Zwee Joer nom Ofschloss-Rapport vun der Geheimdéngscht-Enquêtekommissioun, ass elo de Gesetzprojet fir d’Opschaffe vun den historesche SREL-Archiven um Instanzewee. De Staatsminister Xavier Bettel huet de Projet de Loi de 6. August an der Chamber deposéiert: Aus dem Text geet ervir, datt dräi Historiker op d’mannst zwee Joer laang solle beoptragt gi fir d’Archiven auszewäerten. Käschtepunkt: 600.000 €.
Zil vun der Recherche ass ze weise wéi de Geheimdéngscht tëscht 1960 an 2001 operéiert huet. Den Ofschlossrapport soll ëffentlech sinn. D’Recherche gëtt vun engem Comité d’Evaluatioun encadréiert, mat Delegéierte vu Regierung, Chamber an Universitéit.
D’Fuerscher kréien och d’Aufgab d’Dokumenter a Kategorien anzeuerdnen. Wat als wichteg fir d’Geschicht vum Land betruecht gëtt soll dono definitiv un d’Nationalarchiven iwwerdroe ginn. Dokumenter, déi net kënnen deklasséiert ginn, solle par konter nees zréck un de SREL goen oder zerstéiert ginn.
De Bäitrag vum Pia Oppel: