Flüchtlingskris Op der Sich no engem bessere Liewen

E gereegelt Liewen, an engem séchere Land: Dorop hoffen d’Flüchtlingen, déi zanter puer Méint op Lëtzebuerg kommen. Dozou gehéiert och eng Aarbechtsplaz, mee während der Asylprozedur hunn se nach kee Recht schaffen ze goen. Sichen, kënnen se awer scho Mol. En Dossier vum Rick Mertens / fa

connections
©ASTI

D'Auslännerorganisatioun ASTI an d'Consultingfirma Tiime haten e Sonnden Flüchtlingen an d'Kulturhaus Hariko zu Bouneweg invitéiert, fir hinnen do ze hëllefen eng Schaff ze fannen. Den Undrang war grouss. 

Vill Demanden, gouf et fir Sprooche Coursen, well op der Sich no enger Aarbecht wier de gréisste Problem dee vun de ville Sproochen, déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn. "Ech kann Englesch, mee Lëtzebuergesch oder Franséisch", huet et vun deem engen oder anere geheescht.

E weidere Problem ass awer och d'Unerkennung vun Diplomer. De Mustafa, deen op der Universitéit zu Bagdad Medezin studéiert huet sot: "Am Moment ginn zu Lëtzebuerg awer keng Medizins-Diplomer unerkannt, déi vu baussent EU kommen. A Länner wéi Däitschland, der Belsch, oder Schweden ass dat méi einfach."

An der Tëscht...

En attendant, datt hir Asylprozeduren ofgeschloss sinn, hunn eng Partie Flüchtlingen decidéiert sech anescht ze beschäftegen. Mat Formatiounen oder fräiwëllegen Aarbechten. "Op déi Aart a Weis kann een am Viraus eppes iwwert d’Aarbechts-Kultur gewuer ginn. Also, zum Beispill: Wéi laang dauert eng Mëttespaus zu Lëtzebuerg? Oder: Wéini ass normalerweis Feierowend?", esou de Nour.

Ökosystem Lëtzebuerg

Vill Leit, déi zu Lëtzebuerg ukommen, hätte Schwieregkeete sech z'orientéieren. D'Larissa, déi e Sonnden am Hariko gehollef huet sot, dacks wéissten d'Réfugiéen net wéi se an de lëtzebuerger System erakommen. Se wéisste net wou se sollen hi goen. "Déi ginn da bei d'ADEM awer d'ADEM kann hinnen och net richteg hëllefen."

D'Larissa huet dowéinst Kontakter vun de Réfugiéen opgeschriwwen, fir dës dann u Kollege weider ze ginn, déi schonn am System sinn. "Dat ass éierlech wat se brauchen: eng Kontaktpersoun, déi sech am Ökosystem zu Lëtzebuerg auskennt an hinnen hëlleft."

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen