Onsécherheet wéint Kulturkonventiounen

D’lëtzebuerger Theaterfederatioun an de Reseau vun de regionale Kulturhaiser si besuergt iwwert d’Onsécherheet am Secteur. An engem gemeinsamen oppene Bréif un d’Kulturministesch Maggy Nagel stelle béid Associatioune fest, datt si nach ëmmer keng Äntwert kritt hunn, wat d’Zukunft vun de Kulturkonventioune mam Ministère ugeet. D’Ministesch hat annoncéiert fir am Dezember d’Konklusioune bekannt ze ginn, vun der Evaluatioun, déi opgrond vu Questionnairë realiséiert gëtt, deen all Kulturinstituter hu missen ausfëllen. D’Konklusioune sollen elo réischt am Januar een nom anere matgedeelt ginn.

De President vun der Theaterfederatioun Christian Kmiotek seet hie kéint verstoen, dass d'Saachen sech heiansdo méi laang zéie wéi geplangt. Et wier awer ze vill vague fir den Associatiounen ze verspriechen, datt déi nei Konventioune vu Januar un kéimen: "Well mir denken, dass mir am Februar-Mäerz a finanziell Schwieregkeete kommen."

Op Nofro hin heescht et aus dem Kulturministère, datt een drop an drun ass, d’Evaluatioun ofzeschléissen. De Finanzement vun de Kulturhaiser wär op alle Fall bis Mäerz assuréiert.

De Bäitrag vum Mick Entringer:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen