Onparteiesch Roll vum Chamberspresident soll am Reglement verankert ginn

D'Roll vun der Chamberpresidence muss onparteiesch gehandhaabt ginn: dat soll am Chambersreglement verankert ginn, esou den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth am 100,7-Interview. Dobäi soll sech un der Formuléierung vum däitsche Bundestag orientéiert ginn, an där heescht et, datt de President d'Sitzunge "gerecht an onparteiesch" leet, an d'Uerdnung am Parlament verdeedegt.

Serge Kesseler / jod

Chamber Interieur
(Foto: Serge Kesseler)

Lauschteren


Viru fënnef Wochen hat d'CSV-Fraktioun an engem Bréif un de Chamberspresident Fernand Etgen gefrot, datt iwwer ënner anerem d'Roll, d'Neutralitéit an d'Impartialitéit vun der Chamber-Presidence soll diskutéiert ginn.

Dat, well si heiansdo d'Impressioun haten, datt de Chamberspresident awer méi regierungs, - oder majoritéits-frëndlech war.

Majoritéit an Oppositioun weise sech zefridden

D'Reglements-Kommissioun vun der Chamber huet sech mat engem Text befaasst, fir d'Neutralitéit an d'Impartialitéit vum President fest ze schreiwen, erkläert den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement.

"Et muss eng Omissioun gewiescht sinn an der Vergaangenheet, datt dat net dra stoung. An dat ass awer och vun alle Parteien - inklusiv och dem President - begréisst ginn, fir nach eng Kéier kloer ze stellen, datt de President de President vum ganzen Haus ass."

De Gilles Roth hofft, datt déi geplangten Upassung zu méi objektiven Debatten an der Chamber bäidréit.

"An da géifen och, mengen ech, verschidden écarts de conduiten, déi sech an der kierzester Vergaangenheet opbruecht hunn, och villäicht do éischter vermidde ginn."

Och op Säite vun der Majoritéit weist ee sech averstane mat der geplangter Prezisioun. Sou ass beispillsweis den LSAP-Fraktiounschef Yves Cruchten der Meenung, datt et eng gutt Saach wier, datt dat lo alles am neie Reglement kloer gestallt gëtt.

Un der Upassung gëtt nach geschafft

Zur Entscheedung, d'Neutralitéit an d'Impartialitéit festzeschreiwen, seet de Chamberspresident Fernand Etgen:

"Ech muss soen, datt ech selwer als Chamberspresident och frou sinn, datt déi do Diskussioun stattfonnt huet, wat mir eben d'Méiglechkeet gëtt fir Instrumenter an der Hand ze hunn, fir eben einfach dee Rôle esou ze erfëllen, wéi dat ebe verlaangt ass."

Den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth weist sech iwwerdeems och zefridde mat der Decisioun.

"Ech mengen, mir sinn an deem Sënn als CSV zefridden, well mir Satisfaktioun krut hunn. An et ass jo net nëmmen den Text eleng deen zielt: wann esou een Text an e Reglement afléisst, dann heescht dat jo och een neie Moment. An ech ginn dovun aus, datt Jiddwereen, deen do concernéiert ass, och mat sech selwer zu Chouer geet."

Um Text fir d'Upassung vum Reglement géif aktuell nach geschafft ginn, heescht et op Nofro hin.

Méi zum Thema

Maurice Molitor Kommentar
Chambre des députés

Laang virun de Wale steet eppes fest: och déi nächst Chamber wäert nees kee Spigelbild vun der Gesellschaft sinn. Dat ass net nei, an awer schued, mengt de Maurice Molitor a sengem Commentaire.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen