Iwwerschwemmungen Ongewéinlech vill Reen iwwer d'Nuecht

An de leschte Stonnen ass ongewéinlech vill Reen iwwer eisem Land gefall. Plazeweis goufen a ginn et Iwwerschwemmungen: dat virun allem laanscht d'Uelzecht. De CGDIS konnt de Moien keng Zuelen nennen, iwwer all Asätz, déi um Terrain waren. Iwwer 1.200 Asätz sinn iwwer den 112 enregistréiert.

Iwwerschwemmungen a Clausen

An der Nuecht ass op Demande vum Premier d'Cellule de crise aktivéiert ginn. Si koum ënner der Presidence vun der Inneministesch zu Senneng beieneen, an huet den Interventiounsplang Intempéries declenchéiert. All concernéiert Acteure souzen do mat um Dësch. Si hu probéiert sech en Iwwerbléck ze verschafen.

An engem Communiqué vun dono ass et den Appell un d'Bierger sech net a Gefor ze bréngen, an déi iwwerschwemmten Zonen ze evitéieren.

Um 17 Auer ass de Mëtteg Regierungsrot fir iwwer déi aktuell Situatioun ze diskutéieren. Iechternach gëtt am Laf vum Dag evakuéiert.

Et wiere vill Haiser betraff an net bewunnbar, d'Leit géifen evakuéiert an relogéiert ginn, esou d'Regierung. Si appelléiert un d'Automobiliste gespaarte Stroossen ze respektéieren. Eltere vu Schoulkanner sollen sech lokal informéieren, op haut, de Schouldag bei den Iwwerschwemmungen iwwerhaapt méiglech ass. D'Police mécht den Appell d'Béischte laanscht der Uelzecht a Sécherheet ze bréngen.

Op dräi Miesspeegelen an der Uelzecht an der Sauer gouf den Niveau vum 100järegen Héichwaasser iwwerschratt.

Et gesäit esou aus wéi wann d'Waasserpeegelen um 12 Auer hieren Héchststand erreecht hätten, esou de Steve Mack vum CGDIS. Am Schlëmmste vun den Iwwerschwemmunge betraff wieren den Ament Rouspert-Iechternach, wou deelweis Leit évacuéiert misste ginn. Och de Pafendall an de Gronn wiere méi schlëmm betraff. Zënter dem Ufank vun den Iwwerschwemmunge gëscht Mëtteg wieren d'Rettungskräften non stop am Asaz. Zum Gléck hätte ganz vill Fräiwëlleger a Professioneller vun de Rettungskräfte sech gemellt fir den Asaz. Et gëllt och weider d'Consigne, just den 112 unzeruffe wa Persounen a Gefor sinn an net wann een zum Beispill de Keller iwwerschwemmt huet.

De Steve Mack vum CGDIS am Gespréich

D'Horesca fuerdert d'Regierung op fir den Noutstand auszeruffen. Betraffe Restaurateure sollen der Horesca d'Ausmooss vum Schued eraschécken, fir dann en Iwwerbléck zu hunn. Dat soll een op horesca@pt.lu maachen

Plazeweis goufe Leit a Sécherheet bruecht

Zu Iechternach wäert Schutzmauer géint d'Héichwaasser deemnächst iwwerschratt ginn, seet eis de Buergermeeschter Yves Wengler. D'Sauer klëmmt ëmmer méi, et ass mat villen Iwwerschwemmungen ze rechnen.

Et ass den Appell vun den Autoritéite fir sech a Sécherheet ze bréngen, den Auto fort ze bréngen, de Rez-de-chaussée ze raumen an all Wäertsaachen op den éischte Stack ze bréngen. Fir de Fall vun enger Evakuatioun goufen am Trifolion 30 Feldbetter installéiert. Am Laf vum Mëtteg soll Iechternach evakuéiert ginn.

Am Gronn an der Stad ass de Waasserpeegel vun der Uelzecht immens héich.

Zu Beetebuerg ass d'Duerf deels iwwerschwemmt, ronderëm d'Schoul an d'Kierch steet villes ënner Waasser. De Raum Beetebuerg soll ee verkéiersméisseg och evitéieren, d'Lëtzebuerger Strooss ass zum Deel iwwerschwemmt. D'Zich aus Frankräich sinn alleguerten ausgefall.

Hei goufen deelweis Leit aus hire Wunnengen a Sécherheet bruecht, bis elo goufen néng Leit an engem Hotel ënnerbruecht, anerer si privat ënnerkomm. Et rechent een awer nach net mat enger Entspanung, et kéint nach eppes nokommen.

Och Fenteng ass mëttlerweil komplett vum Waasser ëmkreest, do geet et virun allem drëms d'Véi aus de Perchen a Sécherheet ze bréngen.

Zu Miersch ass déi ganz Uertschaft vum Héichwaasser betraff. Den eenzegen Accès fir an d'Duerf ass iwwer d'Autobunn, den Zentrum vu Miersch ass gespaart, d'Stroosse sinn all zou. Et rechent een domat, datt d'Waasser nach klëmmt, d'Autoritéite gi vun 2-3 cm pro hallwer Stonn aus.

Et bleift hei beim Materialschued, et goufe keng Evakuatioune bis elo. D'Mierscher Kulturhaus ass ënnerwWaasser, besonnesch de Service Regie zu Biereng ass betraff. De Peegel vun der Däich a vun der Mamer ginn erof, bei der Uelzecht gëtt et awer nach keng Entspanung. De Peegel ass hei 20cm méi héich déi d'Héichwaasser vun 1993.

De Site vum Large-Scale-Testing zu Esch-Raemerich ass iwwerschwemmt a bleift dofir haut bis mindestens 14 Auer zou.

Xavier Bettel a Taina Bofferding am Gronn

De Staatsminister Xavier Bettel an d'Inneministerin Taina Bofferding sinn am Grond op der Plaz, fir sech e Bild vun den Iwwerschwemmungen ze maachen.

CGDIS kann net all Asaz assuréieren

De CGDIS huet an der Nuecht nach informéiert, datt si net all Asaz kënnen ofschafen. Et géif drëm goe prioritär Mënschen an Nout a kritesch Infrastrukturen ze schützen. D'Leit sollen hir Autoen a Sécherheet bréngen, an hir Haiser schützen, esou d'Recommandatioun. Et soll een den 112 nëmmen uruffen, wa Leit a Gefor sinn, respektiv am Fall vun vitalen Urgencen, bei Accidenter oder Bränn.

De CGDIS konnt de Moien iwwregens keng Zuelen nennen, iwwer all Asätz, déi um Terrain waren. Et hätt ee bis elo keng Zäit gehat sech en Iwwerbléck ze verschaffen. Iwwer 1.200 Asätz sinn iwwer den 112 enregistréiert. 27 Leit hu mussen iwwer Nuecht gerett ginn, déi Deels mam Auto stieche bliwwe sinn.

Bis zu 80 Liter de Meter carré

Et ass gëschter ongewéinlech vill Waasser erof gaangen - bis zu 80 Liter op de Meter carré. Quasi all Flëss a Baache ware betraff, d'Musel nach net esou vill, do gëtt sech awer eng Hausse bis de Weekend erwaart. Un der Attert schéngt de Pic iwwerschratt, un der Uelzecht an der Sauer schéngt et zeréck ze goen - dat seet de Claude Schortgen, Ëmweltingenieur bei der Gestion de l'eau. D'Héichwaasser kënnt och ënner anerem, well de Buedem aktuell scho gutt gesättegt ass, esou, datt dee kee Waasser ophuele kann.

Och haut am Laf vum Dag soll et nach weider reenen, allerdéngs net méi sou vill: et gëtt mat 10 Liter op de Meter carré gerechent. Punktuell kéint et och zu Donnerwieder kommen. Och an der Nuecht soll et weider reenen, och hei gëtt mat 10 Liter op de Meter carré gerchent.


Interiew mam Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS

Sophie Morang: Mir si live verbonne mam Generaldirekter vum CGDIS, dem Paul Schroeder, hie kann eis also de Point maachen iwwer déi lescht Nuecht. Gudde Moien Här Schroeder.

Paul Schroeder: Gudde Moien.

Wéi vill Aarbecht war et da lo fir de CGDIS hënt do?

Ganz vill, ech mengen et ass sou, datt mer all eis Unitéiten um Terrain dobaussen hunn a mir si praktesch an all de Gemengen am Land ënnerwee gewiescht a sinn nach ënnerwee. Ech kann Iech keng Zuelen nennen, ganz einfach well mer praktesch opgehalen hunn ze zielen, well et net méi méiglech war.

Iwwer wéi eng Gréisstenuerdnung schwätze mer? E puer honnert, e puer dausend?

Mir hunn 1.200 Asätz, mee mir ginn déi jo vum 112 op den Terrain an aus engem Asaz kënnen natierlech anerer entstoen, wa mer sur place fueren, wou da bei den Noperen oder ronderëm aner Asätz kënnen entstoen. Mee wéi gesot iwwer den 112 hu mer zanter gëschter 1.200 Asäz gemellt.

Iwwer wéi eng Asätz schwätze mer? Sinn dat meeschtens Kelleren, déi auszepompele sinn, oder ëm wat geet et do?

Am Ufank hu mer iwwerall probéiert, do wou et gaangen ass, ze schützen, fir ze verhënneren, datt d'Waasser an d'Haiser oder eben op Plaze leeft, wou et net soll hi lafen, mee dat war awer d'Ursaach vun eisem Message an der Nuecht: mir sinn iwwerall debordéiert ginn, well d'Waassermassen einfach esou enorm waren, datt dat eng Aktioun war, déi net méi duergaangen ass, sou datt mer do net méi konnten déi defensiv Attitüd halen, an eben op ville Plazen iwwerschwemmt ginn ass. Do kënne mir och näischt méi maachen, well mer och dann d'Waasser net méi lass ginn. An dofir hu mer dat gesot, datt mer net méi kéinten eenzel Kelleren auspompelen, an dat gëllt och fir de Moien.

Do ass jo virun allem vill Materialschued entstanen. Goufen et och méi brenzeleg Situatiounen, wou eventuell Mënschen a Gefor waren?

Mir hunn iwwer d'Nuecht am ganzen eng 27 Leit gerett respektiv a Sécherheet bruecht. De Klassiker: Leit, déi awer mam Auto an iwwerschwemmte Stroosse gefuer sinn. Nach eng Kéier do den Appell, dat absolut net ze maachen, ënner kengen Ëmstänn an iwwerschwemmte Stroosse ranzefueren. Et waren och Leit an Haiser, wou se hu misste rausgeholl ginn, well d'Haus ganz vum Waasser ëmgi war. Wéi gesot, dat ware 27 Leit iwwer Nuecht.

Dir hutt gesot och haut iwwer Nuecht wäert nach vill Aarbecht op Iech duerkommen, et gi jo nach weider Reeschaueren erwaart. Mee Är Ekippe si prett..

Jo, mir si prett, mir musse Prioritéite setzen. Och wann et elo net méi sou staark reent ass an de Waasserleef dat villt Waasser, wat iwwerall nach nodréckt, kann et iwwerall nach zu Iwwerschwemmunge kommen a grad am Gebitt vun der Ënnersauer am Raum Iechternach/Rouspert ass d'Situatioun sécher nach ugespaant haut.

Méi zum Thema

Jean-Paul Schaf
Iwwerschwemmungen

Ettelbréck wier um Punkt, d'Héichwaasserzuelen vun 1993/1994 ze briechen, esou de Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf de Moie fréi. D'Situatioun wier awer deemools méi dramatesch gewiescht, well nach kee Bassin de retention do war.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen