Emwelt Ofschosspläng: Diskussioune virum Treffen Ufank November

Am Hierscht fänkt d’Juegdsaison erëm un. Domatt sinn och d’Differenzen tëscht Jeeër a Juegdgéigner rëm en Thema. D’Géigner fannen, datt ze vill Juegten am Land organiséiert ginn. D’Jeeër argumentéieren, datt si vum Staat virgeschriwwe kréien, wéi vill Déiere pro Joer musse geschoss ginn. Ufank November ass eng Reunioun mam Premier Xavier Bettel.

Retro filtered photo of a hunting pulpit in forest.

Enn Oktober fänken déi éischt Klappjuegten zu Lëtzebuerg un, domat ass d’Juegtsaison definitiv lancéiert. Fir d’Jeeërfederatioun ass d’Klappjuegt allgemeng déi ecologeschst an efficaceste Form vu Juedgt. “Et ass eng breetflächeg, grouss ugeluechten an eng extrem wirtschaftlech Wëldschuedbegrenzung. An et ass bal déi eenzeg Méiglechkeet, wou een u Wëllschwäin a grousser Mass erukënnt, wat um Hochsitz net sou einfach ass”, erkläert de Viktor Mousel vun der Jeeërfederatioun.

D’Jeeër mussen sech un Ofschosspläng vum Staat halen, deen hinne genee Quote virgëtt, déi se am beschte Fall während der Juegtsaison sollen erfëllen. Well awer esou vill Wëld an de Bëscher ass, koumen d’Jeeër fir d’Saisone vun 2013 bis 2015 net un d’Zuelen erun, déi de Staat virginn huet. Zum Beispill hätten d’Jeeër déi läscht Saison sollen 13.470 Déiere schéissen, koumen awer just op 8.184.

Beim Joen geet et virun allem drëm, de Wëldschued fir d’Baueren ze vermeiden. All Joer riicht d’Wëld méi wéi 400.000 Euro Schued a Bëscher a Felder un, seet de Viktor Mousel vun der Jeeërfederatioun. 300.000 Euro Schued gi vu Wëllschwäi gemaach. “Dee Schued gëtt zu 100 Prozent vun de Jeeër gedroen a mëttlerweil sinn d’Jeeër do iwwerfuerdert”, seet de Viktor Mousel.

“Dat ass Akkordaarbecht wat déi do maachen!”

De René Spautz ass géint d’Juegt. Hien mécht drop opmierksam datt déi 650 Juegdlousen am Land ongeféier eng bis zwou Kéieren pro Saison geschoss ginn. “Wann een dat mat der Gréisst vum Land vergläicht, dann ass dat schockant”, sou de René Spautz, a sengem eegene Numm. Dat huet senger Meenung no näischt méi mat Regulatioun ze dinn. “Mir hunn 2000 Jeeër am Land. Dat ass Akkordaarbecht wat déi do maachen!”, mengt de René Spautz.

De René Spautz mengt och, datt d’Regulatioun vu Wëld an de Bëscher vun engem staatleche Wëldheger misst gemaach ginn. Dëse Posten kéint eventuell nom Virbild vun de Fieschter geschaafe ginn. Den Ofschossplang vum Staat wier net onbedéngt déi richteg Approche, mengt de René Spautz. Senger Meenung no kënnen déi guer net erfëllt ginn.

D’Jeeër sinn hirersäits frou, datt Ufank November eng zweet Reunioun mam Staatsminister um Programm steet, an den Dialog nees ufänkt. An der Läscht goufen et jo Divergenze mam Staatssekretär am Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère. D’Federatioun erhofft sech e konstruktiven Dialog, an datt een och nees vun der Politik eescht geholl gëtt.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen