Ofschafe vun "allocation d'éducation": Chamber war informéiert

Dass d’allocation d’éducation géif suppriméiert ginn, hat d’Corinne Cahen schon den 13. Januar der zoustänneger Chamberkommissioun matgedeelt. Deemools hat d’Familljeministesch gesot et wär net logesch, dass och Persounen dovunner profitéiere kéinten déi e Salaire kréien. Am Rapport ass nozeliesen, dass d’Regierung och doriwwer nogeduecht huet, d’Indemnitéit fir de congé parental an d’Luucht ze setzen. An där nämmlechter Réunioun hat d’Corinne Cahen och nach ënnerstrach, dass et keng Ännerunge bei der majoration d’âge, den allocations de rentrée scolaire, de naissance an de maternité géif ginn, souwéi och net bei der allocation spéciale supplémentaire.

Vun der Oppositioun waren de Fernand Kartheiser (ADR), respektiv vun der CSV de Marc Spautz, d'Françoise Hetto an d'Martine Hansen an der Kommissiounssëtzung präsent.

Hier Aussoe vun deemools hätt d’Familljeministesch op all spéider Nofroen hinn net méi esou präzis wëlle confirméieren, seet den CSV-President Marc Spautz. Dowéinst hätt seng Partei elo mat Kritik op déi entspriechend Meldunge vun der Press reagéiert. De 15. Januar hat d'CSV d'Familjepolitik vun der Regierung an engem Communiqué kritiséiert.

Den Interview mam Marc Spautz:

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen