Offiziell Excusen fir d'Juddeverfolgung am Zweete Weltkrich

bettel-artusorapport.jpg

Foto: De Premier Xavier Bettel während senger Ried zum Artuso-Rapport

D’Chamber an d’Regierung hunn sech bei der jüdescher Communautéit entschëllegt, fir d'Juddeverfolgung am Zweete Weltkrich. "Et ass kloer, dass mir deemools net all Helde waren", sou de Premier Xavier Bettel, deen d‘Excusen am Numm vun der Regierung formuléiert huet.

D’Deputéiert hunn eng Resolutioun eestëmmeg ugeholl an där d’Chamber d’Onrecht unerkennt, dat geschitt ass. De Lëtzebuerger Staat als Ganzt hätt keng antisemitesch Politik bedriwwen, sou den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry a senger Ried. Mee den Artuso-Rapport iwwer d’Kollaboratioun vu staatlechen Autoritéiten un der Juddeverfolgung hätt gewisen, dass et Feelverhale gouf.

70 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich sollen d’Judden elo zu Lëtzebuerg an déi offiziell Gemeinschaft vun den Affer opgeholl ginn. Et soll een nationalen Dag fir d’Erënnerung un all des Affer agefouert ginn. Fir d’Memoire un déi jüdesch Affer waakreg ze halen, soll an der Stad ee Monument entstoen, an et gëtt eng Fondatioun fir d’Memoire vun der Shoah gegrënnt.

moyse marx meyer artuso scutoFoto (v.l.n.r.): De François Moyse, de Claude Marx an den Alain Meyer vum Consistoire israélite, an d'Historiker Vincent Artuso an Denis Scuto

De President vum jüdesche Consistoire Claude Marx sot no der Debatt: "Pour la communauté juive, c'est d'abord un grand moment d'émotion. C'est la fin d'une injustice. Mais ce n'est pas une fin en soi, pour nous, c'est une étape." Et wier essentiell, dass d'Fondatioun fir d'Memoire vun der Shoah genuch Mëttel kritt, fir hir Erënnerungsaarbecht ze leeschten a virun allem pädagogesch Projeten ze ënnerstëtzen.

artuso chamberFoto: Den Historiker Vincent Artuso während der Debatt iwwer säi Rapport

 

Den Dossier zur Chamberdebatt vum Pia Oppel; Mat Reaktiounen vum Denis Scuto, Vincent Artuso, Claude Marx a vum Grand Rabin Alain Nacache:

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen