OECD-Standard fir Automateschen Informatiounsaustausch public
D’Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung huet gëschter hiren internationale Standard fir den automateschen Informatiounsaustausch vu Steierdonnéeën virgeluecht. 67 juristesch Territoiren a Länner – dorënner Lëtzebuerg – hunn schonn annoncéiert, datt se dëst neit Instrument géint Steierhannerzéiung wëllen applizéieren. 40 vun hinnen wëllen 2017 mam automateschen Informatiounsaustausch no de Virgaben vun der OECD ufänken: bis ewell ass de Grand-Duché offiziell nach net ënnert de sougenannten "early adopters".
De Standard ass a sengen dräi Dimensioune breet opgestallt, sou de Responsable fir den Dossier Informatiounsaustausch bei der OECD, den Achim Pross: viséiert sinn nieft dem Kontostand, eng ganz Rei vu Revenuë wéi zum Beispill Zënsen oder Dividenden. Net just d’Informatioune vu physesche Persoune ginn ausgetosch, mee och vu Gesellschafte wéi Stëftungen an Trusten. An beim Austausch mussen niewt de Banken och aner Acteuren aus dem Finanzsecteur, wéi zum Beispill Versécherunge matmaachen.
Perfekt kéint esou e Standard natierlech ni sinn, sou den Achim Pross: “Die Fantasie der Menschen ist weit und es gibt sicherlich auch weiterhin irgendwelche Möglichkeiten, den Austausch von Informationen zu umgehen”. Zum Beispill gëlt fir Residenten zu Lëtzebuerg weiderhin d’Bankgeheimnis: wien hei hinner plënnert, ka viru senger Steierverwaltung flüchten.
Am September sollen d’Finanzministere vun de G20-Staaten den OECD-Standard definitiv gutt heeschen. Fir d'Iwwerpréifung vun der Ëmsetzung vum Standard ass de “Global Forum on Transparency” zoustänneg. Dëser multilateraler Plattform no, ass de Grand-Duché iwwerdeems bis ewell net konform zu den aktuelle Reegelen am Kampf géint d’Steierhannerzéiung.
D’Beméiungen op EU-Niveau fir um Wee vu verschiddenen Direktiven den automateschen Informatiounsaustausch anzeféiere sinn dem Achim Pross no net ëmsoss: “Wie der Standard umgesetzt wird, das ist eine Sache, die kann man ganz verschieden machen. Aber er kann natürlich auch durch Europarecht umgesetzt werden.”
D’OECD schafft och un neie Reegele géint d’Steierflucht vu multinationale Konzerner. Den Achim Pross seet sech optimistesch, dass och an deem Beräich an de nächste Joeren kënnen Neel mat Käpp gemaach ginn: “Das politische Interesse ist stark und sinkt nicht ab”.
De ganzen Interview mam Achim Pross:
“Mir wëlle léiwer am Peloton sinn, an net an der Echappée” – dat äntwert de Finanzminister Pierre Gramegna op d’Fro, wéini Lëtzebuerg den OECD-Standard fir den Automateschen Informatiounsaustausch aféiert. Och déi Lëtzebuerger Bankenassociatioun ABBL hält 2017 fir ee méiglecherweis ze vill ambitiéise Kalenner. Ze kläre bleift ë.a. nach wéi verschidden EU-Direktive mam OECD-Standard a Conformitéit gesat ginn. Den ABBL-Generaldirekter Serge de Cillia ass der Meenung, datt all Beméiungen déi an eng aner Richtung ginn, wiere kontraproduktiv a géifen der Finanzplaz deier ze stoe kommen.
De Pierre Gramegna:
De Serge de Cillia: