OAI verzicht op Referenztariffer fir d'Honorairë

Den “Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils” (OAI) publizéiert an Zukunft keng Referenztariffer méi fir d’Honorairë vun den Architekten an Ingenieuren. Déi Propose vum OAI huet de "Conseil de la Concurrence" akzeptéiert, an an enger Décisioun vum 5. Februar festgehalen.

D’Kontrollautoritéit ass der Meenung, dass d’Referenzbarêmen vum OAI enger Präissofsprooch gläichkommen: bis op wéineg Ausnahme géifen d’Architekten an d’Ingenieuren sech nämlech un déi Recommandatiounen halen, sou de Jean-Claude Weydert vum Konkurrenzrot an eisem Mëttespanorama. Deem huet den Direkter vum OAI widdersprach. De Pierre Hurt betount, dass d’Referenztariffer réischt op Demande vum Konsumenteschutz publizéiert goufen. An Zukunft misst d’ULC eventuell iwwer Marchésetudë fueren, fir de Konsumenten eng Orientatioun unzebidden.

Detailer am Bäitrag vum Pia Oppel:

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen