Novomatic an déi éisträichesch Politik

Déi sougenannten Ibiza-Affär wierkt sech bis haut op d'Politik an Éisträich aus. Rezent gouf et nees esou een Nobiewe wéi bekannt gouf, datt d'Justiz géint den éisträichesche Finanzminister Gernot Blümel ermëttelt. Et steet de Verdacht am Raum, datt Parteispende géint politesch Gefällegkeete getosch goufen. Am Zentrum steet dobäi de Gléckspillkonzern Novomatic.

Stephan Polet (Wien) / cbi

De Bundeskanzler Sebastian Kurz an de Finanzminister Gernot Blümel
De Bundeskanzler Sebastian Kurz an de Finanzminister Gernot Blümel. Foto: picture alliance | CHROMORANGE / Franz Perc

"Novomatic zahlt alle." Dat ass ee vun de méi bekannte Sätz, déi den éisträichesche Politiker Heinz-Christian Strache an enger Villa zu Ibiza vu sech ginn huet, ouni ze wëssen, datt en dobäi gefilmt gëtt. D'Publikatioun vum Video huet 2019 zum Enn vun der Koalitioun tëscht senger riets-nationaler FPÖ an dem Bundeskanzler Sebastian Kurz senger ÖVP gefouert.

Bis haut versicht eng Untersuchungskommissioun am Parlament d'Korruptioun, déi am Video ugedeit gëtt, ze duerchliichten. Parallel dozou ermëttelt d'Justiz. Eng Firma, déi dobäi ëmmer nees genannt gëtt, ass Novomatic, en internationale Gléckspillkonzern mat Haaptsëtz an Éisträich.

De Fokus läit och net méi beim Strache a senger FPÖ, mee kënnt ëmmer méi no un den direkte ÖVP-Krees ronderëm de Bundeskanzler Sebastian Kurz. Sou och am neiste Fall, deen iwwer d'Medie publik gouf.

Eng SMS un de Minister

Am Dezember huet d'Justiz d'Wunneng vum Finanzminister Gernot Blümel duerchsicht. Fir de Verdacht vun der Justiz ze verstoen, muss een op de Juli 2017 zeréck goen. Matten am Walkampf freet den deemolegen Novomatic-Chef de Gernot Blümel an enger SMS fir e Rendezvous mam Sebastian Kurz ze kréien, a schreift dobäi: "éischtens wéinst enger Spend, zweetens wéinst eisem Problem an Italien."

D'Novomatic hat deemools Schwieregkeete mam italienesche Fisk. De Sebastian Kurz war deemools Ausseminister a Spëtzekandidat fir d'ÖVP. Puer Stonnen no der genannter SMS schreift de Gernot Blümel engem Beamten am Finanzministère, e soll sech beim Novomatic-Chef mellen, wat dësen och scheinbar mécht.

Dat ass de bekannte Stand vun den Ermëttlungen. Wat et mat der Spend op sech huet, déi an der SMS erwäänt gëtt, ass net bekannt. Ob de Gernot Blümel e Rendezvous mam Sebastian Kurz organiséiert huet, och net, genau sou wéi ongewosst ass, ob de Sebastian Kurz an Italien intervenéiert huet. D'Justiz ermëttelt, mee huet nach keen ugeklot.

Géigeleeschtung konnt bis elo net bewise ginn

Trotzdeem fuerdert d'Oppositioun de Récktrëtt vum Finanzminister. De grénge Koalitiounspartner, deen iwwregens d'Justiz zu senge Ressorten zielt, hält sech awer gedeckt.

Wat sech an där ganzer Affär awer virun allem rauskristalliséiert, ass de Wëlle vu Novomatic d'Politik fir hir Zwecker anzespanen. Deemno solle Politiker eng Bün gebuede kréien, andeems Novomatic zum Beispill Eventer sponsert, op deenen déi Politiker da schwätze kënnen. Am Géigenzuch hofft een ëmmer op en oppent Ouer ze stoussen.

Wéi an der Untersuchungskommissioun vum Parlament bekannt gouf, sinn och scho Spenden un ÖVP-no Veräiner gefloss. Fir datt dat Ganzt awer strofrechtlech relevant ass, muss et eng Géigeleeschtung ginn hunn - an déi konnt d'Justiz bis elo net noweisen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Matthias Kirsch Analys
Auslandschronik

Datt den HC Strache d'Ibiza-Affär politesch net konnt iwwerliewen, war ze erwaarden. Genee wéi seng Verteidegungstaktik: Schold ass jiddwereen, ausser den éisträichesche Vizekanzler selwer. Déi Taktik ass net néi.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen