Nicolas Schmit: keng Tabuen bei Steierreform
De Nicolas Schmit sot sech “positiv iwwerrascht”, dass d’Regierung d’Sozialpartner wëll mat abannen an déi fir 2017 geplangte Steierreform. Et däerfte bei der Ausschaffung vun där Reform keng Tabuen ginn, esou den Aarbechtsminister an eiser Emissioun Riicht Eraus. “Mir hunn eng nei Diskussioun an Europa iwwert déi allgemeng Besteierung”. D’Aarbecht misst par rapport zu anere Revenuë manner belaascht ginn.
De Nicolas Schmit huet och op d'Kritik reagéiert vun LSAP-Memberen an engem Positiounspabeier vun der Fondatioun Robert Krieps, d'LSAP géif oft als Partei vum mannsten Iwwel ugesi ginn. Dat wär eng Presentatioun déi d'LSAP oft vu sech selwer gëtt. D'Partei misst kloer soe fir wat se steet, nämlech sozial Gerechtegkeet.
Déi ganz Emissioun mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit: