Medien Nico Clement kéint President vun Editpress ginn

Nico Clement.JPG
Nico Clement

Den Nico Clement huet gutt Chancë President vum Verwaltungsrot vum Group Editpress ze ginn. Editpress ass de Verlag vun Tageblatt, Jeudi an all Kéiers 50 Prozent vum Quotidien a L'essentiel. Dat huet de Member vum Exekutivbüro vum OGBL dem radio 100,7 confirméiert. Ufank 2017 soll een neie President gewielt ginn, nodeems de Jean-Claude Reding Enn November als President vum Group Editpress zeréck getruede war.

De fréieren OGBL-Chef an aktuelle President vun der Chambre des salariés wéilt d'Situatioun tëschent senge verschiddene Verwaltungsrots-Mandater klären, fir eventuellen Interessekonflikter aus dem Wee ze goen. Domat hat hie seng Demissioun domat begrënnt. Paperjam no wier domat dem Jean-Claude Reding säi Mandat am Conseil vun der Spuerkees gemengt. Dee wier net kompatibel mat der Spuerkees-Berichterstattung vun enger Editpress-Zeitung.

Méi zum Thema

De Santa Claus ass Trump Supporter Meenung
Gesellschaft

Wann 62 Prozent vun den Amerikaner hir Noriichten aus soziale Medie kréien, wat bedeit dat fir d'Medien? Wa Wahlcampagnen un Emotiounen appelléieren, amplaz u Fakten, wat bedeit dat fir d'Gesellschaft?

Nico Clement - Claude Wiseler - Michel Wurth
Wuesstem

Bei der Ëmstellung vun der Lëtzebuerger Wirtschaft op déi digital Welt soll och déi sozial Dimensioun respektéiert ginn. Doriwwer si sech OGBL, CSV a Chambre de Commerce eens.

Massard Raskin Fonck.JPG
Fraen a Politik a Wirtschaft

Datt Fraen a Politik a Wirtschaft manner present si wéi Männer, läit och u festgefuerene Mentalitéiten – bei Männer a Fraen. Dat soten d'Invitéeën a "Riicht Eraus". Et gouf awer och Kritik un der Politik.

Jean-Lou Siweck
Medielandschaft

De Wort-Chefredakter kritiséiert, datt d’ALIA de Projet "L'Essentiel Radio" accordéiert huet, obwuel Editpress als ee vun den Aktionären eng dominant Positioun am franséischsproochege Maart-Segment hätt.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen