Kino Ni vun duebeler Positioun abuséiert

De Joy Hoffmann, Utopia-Actionnaire a pensionéierte Beamten, wiert sech géint Virwërf vum Raymond Massard, Chef vum Kinosbedreiwer Caramaba. E potentiellen Interessikonflikt hätt et wuel ginn, mee dat wier ganz kloer offiziell gereegelt ginn, esou de Joy Hoffmann.

Maxi Pesch

Exklusiv Joy Hoffmann bad quality.JPG

De Joy Hoffmann war Responsabel am staatleche CNA fir de Beräich Film an zäitgläich zweetgréissten Actionnaire vum Kinosbedreiwer Utopia. De Joy Hoffman gesäit an, datt hien als Fonctionnaire an als Actionnaire zwou verschidde Kapen un hat, mee wéi Utopia bis zu enger grousser Firma gewuess war, hätt hien dat - "a voller Transparenz" - dem Ministerrot signaliséiert. "An deen huet dat och zur Kenntnis geholl a mir am Fong do, wann ee sou wëll, eng Decharge ginn."

Net benodeelegt

Viru véier Méint hat de Chef vum Kinosbedreiwer Caramaba, de Raymond Massard, dem Joy Hoffmann en Interessekonflikt virgeworf, ronderëm déi staatlech Konventioune fir d’Lëtzebuerger Regional Kinoen. De Joy Hoffmann betount, hien hätt an deem Dossier keen Decisiouns-Pouvoir gehat: "Deen Dossier ass traitéiert ginn vu mengem Chef, de Jean Back. En ass traitéiert ginn vum Bob Krieps am Ministère!" Donieft seet de Joy Hoffmann, wier et d'Politik vum Ministère gewiescht fir kommerziell Kinoen net z'ënnerstëtzen. "An dorënner sinn all dem Här Massard seng Säll gefall, ausser een, (...) de Kino Beetebuerg. Dat hunn ech klipp a kloer gesot: 'deen huet Recht op Subside.'"

De radio 100,7 hat och aus engem Tëscherapport vum Konkurrenzrot zitéiert, deemno de Joy Hoffmann als Member vum CNA e Maximum u staatlecher finanzieller Hëllef an den CDAC gesteiert hätt, also "in fine" fir Utopia. De Joy Hoffmann dementéiert dat. Hie geheit dem Konkurrenzrot schlecht Aarbecht vir, ënnert anerem well hien ni vum zoustännege Beamte kontaktéiert gi wier. "Dee Beamte behaapt do eppes, wat en a sengem eegenen Dossier net mat iergendeppes beleet."

Dem Raymond Massard gehait de Joy Hoffmann vir, ëmmer een anere fir seng Echecë verantwortlech ze maachen.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Frënn iesse Popcorn am Kino
Regional Kinoen

De Kinosbedreiwer Caramba stécht a finanzielle Schwieregkeeten. Déi regional Kinoe wäre vum Kulturministère benodeelegt ginn, seet den Direkter. Wéi eng Roll spillt de grousse Konkurrent Utopia?

Ariston Esch Exklusiv
Kinoslandschaft

De Kinosbedreiwer Caramba Sàrl huet schonn zënter Längerem kee Loyer méi fir de Kinosch an den Ariston zu Esch bezuelt. Den Ariston kéint deemnächst de Proprietaire wiesselen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen