Medien Nëmme Verléierer an der Affär Lunghi

An der Affär Lunghi ginn et am Fong nëmme Verléierer. An et wier vläicht un der Zäit, emol iwwer deontologesch Spillregelen nozedenken, déi et zanter laangem scho gëtt an déi d’Press sech selwer ginn huet.

Marc Glesener

Meenung Marc-Glesener-1024x682.jpg
Marc Glesener

Et kënnt vir, datt een sech als Journalist oder och als kritesche Beobachter an engem Artikel oder engem Kommentar iert. Dëst ass mir geschitt. Op dëser Antenn hunn ech de 6. Oktober d’Affär Lunghi kommentéiert an et ass mir gaangen, ewéi villen anere Leit. Ech hunn dat esou gegleeft, wat ech owes op der Televisioun gesinn hat.


De Reportage, deen am Nol op de Kapp gewise ginn ass, huet just eng Konklusioun zougelooss: Dat do geet esou net. Den Direkter vum Mudam war kloer als deen ze identifizéieren, deen am Fehler war, sech donieft beholl huet an eng Journalistin dobäi gehënnert huet, hir Aarbecht ze maachen.


Haut gesäit dëst e bëssen anescht aus. Och wann den Enrico Lunghi kloer iwwerreagéiert huet - säin Dernieft-Behuele gouf mëttlerweil och vum zoustännege Regierungskommissär aktéiert - ass dee ganzen Telesreportage anescht verlaf, wéi et den Nokuckerte gewisen ginn ass. RTL selwer huet dat ganz Filmréimaterial verëffentlecht an domat eigentlech de Beweis dofir erbruecht, datt den éischte Reportage nëmmen een Deel vun der Wourecht war. Dont acte.

Keng Gewënner

Eigentlech gëtt et an der ganzer Affär keng Gewënner. A gelidden huet bei ville Leit virun allem och d’Vertrauen an d’Medien. Wa manipuléiert gëtt oder bewosst Saachen anescht duergestallt ginn, fir Quoten ze maachen, ass dat ee bedenkleche Virgank.


Dobäi dierft et eigentlech net esouwäit kommen. Ëmmerhin gëtt et een Deontologiekodex, deen sech d’Journalisten hei am Land selwer ginn hunn. Dëse Kodex hunn an der Zäit déi nei Journalisten ëmmer esou ze soen als Guideline mat op de Wee kritt, wann se hir Pressekaart kruten.


An deem Kodex geet et ëm den Ëmgang mat der Informatioun, déi der Wourecht entsprieche muss, bis hin zum Ëmgang mat Drëttpersounen, där hir Würd a Perséinlechkeetsrechter respektéiert musse ginn. An dësem Kodex steet och, datt een d’Onscholdsvermutung, déi ominéis "présomption d’innocence" als Journalist respektéiere soll. Nach emol dont acte.

Wéi gesot an der Affäre Lunghi gëtt et kee richtege Gewënner. Et sollt ee vläicht, fir dann dach eppes Positives aus der Saach ze zéien, emol méi grëndlech iwwer alles dat nodenken, wat esou an deem Code de Deontologie steet, deen an dësem Joer zéng Joer krut.
Happy Birthday!

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Enrico Lunghi am Mudam
MUDAM

Wéinst sengem Verhale vis-à-vis vun der Sophie Schram am RTL-Interview den 13. September kéint den nach-MUDAM-Direkter mat enger Verwarnung, enger Réprimande oder enger Amende sanktionéiert ginn.

Josée Hansen, Paul Peckels, Jürgen Stoldt
Medien

"Glaafwierdegkeet ass dat wichtegst Verméige vun engem Editeur", seet de Generaldirekter vu Saint-Paul. Nach ee Constat a "Riicht eraus": Déi vun RTL wier an der Affär Lunghi/RTL op d'Spill gesat ginn.

Enrico Lunghi Kommentar
Mudam

Et gëtt keng Elitten a keng Kulturzeen zu Lëtzebuerg - ma nëmmen nach en Trapp, dee net méi weess, wouhi mat senger Roserei. "D'Affaire Lunghi" ass dovun nëmmen eng Episod, mengt de Christian Mosar.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen