Infrastruktur Neie Lift fir de Pafendall

En neie Lift verbënnt de Pafendall mat der Uewerstad. Op dësem Freideg gëtt en offiziell ageweit. De Lift soll d'Mobilitéit verbesseren, de Quartier méi attraktiv maachen an Touristen unzéien. Iwwerdeems waren d'Bauaarbechten net einfach.

Pit Walté / cwi / md

20160721-pafendall lift-1020039.JPG
De Bau vum Lift hunn d'Awunner vum Pafendall als problematesch ëmfonnt

Den neie Lift soll d'Verbindung tëschent dem Pafendall an der Uewerstad vereinfachen. 60,5 Meter héich ass den Tuerm, an deem de Lift zirkuléiert. Bis zu 66 Leit kënnen an enger Kéier transportéiert ginn. D'Awunner aus dem Pafendall si frou iwwert de Lift. Et wier ee vill méi séier an der Uewerstad, et misst een net méi ze Fouss de Bierg erop goen.

"Et ass un d'Substanz gaangen"

Eng Etude virun den eigentleche Bauaarbechten hat erginn, datt 85% vun den Awunner fir de Lift waren. De Chantier gouf den 10. Dezember 2009 an Ugrëff geholl. Wéinst der Faillite vun der éischter Firma, déi um Projet geschafft hat, loung de Projet laang brooch. Schlussendlech huet de Bau vum Lift ronn sechs an d'halleft Joer gedauert. Eng Zäit, déi mat ville Problemer verbonne war.

Fir d'Awunner wier d'Constructioun net agreabel gewiescht, seet de fréieren Epicier Pierrot Langers. "Mir hu vill missen erdroen. Et war vill Kaméidi an et ass un d'Substanz gaangen". Et misst een den Awunner merci soen, datt si et sechs Joer laang duerchgehalen hunn, fënnt de Jean-André Stammet, President vum Interesseveräin "Pafendall-Sichenhaff".

Touristen unzéien

De Lift soll och dem Tourismus ze gutt kommen. Zesumme mam Interesseveräin bitt de Luxembourg City Tourist Office en neie City-Tour un. De Lift mat sengem Panorama-Bléck iwwert de Pafendall ass eng Statioun vum Tour, deen déi sechs schéinste Vuen aus der Haaptstadt um Programm stoen huet. Och duerch déi besser Ubannung un d'Uewerstad solle méi Touristen de Wee an de Pafendall fannen.

Zesumme mat der neier Zuch-Gare, déi de Pafendall an de Kierchbierg vun Enn 2017 u soll verbannen, dierft de Lift méi Leit an de Pafendall zéien - dat gëtt sech op d'mannst emol dovunner versprach. Vill "Stack-Pafendaller" géifen et am Stater Quartier net méi ginn, fënnt de Jean-André Stammet. No der Gas-Explosioun vu 1976 wiere vill Leit geplënnert. "De Quartier war a sech zesumme gebrach." Mam Lift an och der Gare soll een neit Zesummeliewen entstoen.

D'Kneipp-Bad soll weider Touristen unzéien

Nieft dem Lift gëtt et am Pafendall och en neit Kneipp-Bad. Dat kaalt Waasser soll hëllefen, de Kreeslaf unzekierpen. Zënter 1931 steet op dëser Plaz e Wäschbur, deen elo ëmfunktionéiert gouf. D'Waasser kënnt vum Théiwesbuer.

D'Feierlechkeeten ëm déi offiziell Aweiung sinn dëse Weekend Freideg 22. Juli bis de Sonndeg 24. Juli. Geplangt si Concerten, Animatiounen a soss kënschtleresch a folkloristesch Virféierungen. Am Kader vum Blues n' Jazz Rallye den 23. Juli stinn zwou Bühnen am Pafendall.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

20160720-sam tanson-3789.JPG
Stater PAG

491 Mol ass kuerz virum offiziellen Delai géint den neie Stater Bebauungsplang reklaméiert ginn, sou déi éischt Schäffin Sam Tanson. Déi gréng Politikerin huet d'Spëtzekandidatur fir d’Gemengewahlen am A.

Pont Adolphe
Expo

"Pont Adolphe 1903" heescht eng nei Expo am Musée Dräi Eechelen, iwwert d'Bauaarbechte vun der "Neier Bréck", viru méi wéi 100 Joer. D’Expo gëtt de 6. Juli inauguréiert an dauert bis Mee 2017.

Goldschmit-Angel
Urbanismus

Ze komplizéiert an net genuch Zäit, fir ze reagéieren. Dat ass d'Kritik vun der Oppositioun um neie PAG vun der Stad Lëtzebuerg. De Face-à-Face vum Patrick Goldschmidt (DP) a Marc Angel (LSAP).

Letzebuerg.jpg
Neie PAG

Bis 2020 kéinten 126.000 Leit an der Stad wunnen. Aarbechtsplaze sollen et der dann 180.000 ginn. Mam neie PAG sollen Äntwerten op dës Erausfuerderunge geliwwert ginn. Net genuch, fanne Kritiker.

André von der Marck
Ëffentlechen Transport

An der Stad verschwanne Beem: Et gëtt Plaz gemaach fir den Tram. Enn 2017 soll déi éischt Linn a Betrib sinn. Den Direkter vu Luxtram erkläert wat bis dohinner geschitt. A wéi et duerno weider geet.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen