Educatioun Nei Sektiounen an de Schoulen
Fir d'Schoulrentrée ginn am Secondaire an an der Formation professionelle nei Filièren ugebueden, esou de Claude Meisch. Och an der Beruffsausbildung sollen zwou nei Formatiounen ugebuede ginn.

Am klassesche Lycée gëtt d'Sektioun N agefouert fir Entreprenariat, Finanzen a Marketing. An der Hotelsschoul zu Dikrech kënnt Tourismus a Kommunikatioun bäi, an an der Akerbauschoul zu Gilsdref Pépiniériste-paysagiste.
Et wier wichteg, déi aktuell Formatiounen ëmmer nees ze iwwerschaffen oder vu Grond op nei auszeschaffen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch op der Schoulfoire:
"D'Beruffswelt ännert sech, d'akademesch Welt ännert sech, d'Wësse vun der Mënschheet ännert sech. A mir haten an de leschte Jore jo awer eng Tendenz a Richtung Digitaliséierung an dat zitt sech hei wéi e roude Fuedem duerch sämtlech Formatiounen, déi iwwerschafft goufen oder och nei lancéiert goufen."
An aneren Domainer wier Lëtzebuerg "eigentlech net staark genuch" present, esou de Claude Meisch. Als Beispiller nennt hien den Entreprenariat wou déi nei Sektioun de Schüler et erlabe soll duerch Projete praktesch ze denken.
Och an der Beruffsausbildung ginn zwou nei Formatiounen ugebueden: den DAP Éducatioun an den DAP Électro-Technologies.