Nei Regierung verlängert Videoiwwerwaachung
D’Videoiwwerwaachung an der Stad geet och ënnert der neier Regierung weider. D’Reglement dat d’Kameraen um Lampertsbierg, op der Gare a ronderëm de Stade Josy Barthel regelt, gouf nees ëm ee Joer verlängert bis den éischten Oktober d’nächst Joer. Dat obwuel notamment déi Gréng ëmmer betount haten, dass si géint esou eng Videoiwwerwaachung sinn. De Camille Gira hat den 26. September 2013, kuerz virun de Wahlen, dat hei gesot:
Den deemolegen stater Deputé-Maire an ee vu véier DP-Spëtzekandidate, Xavier Bëttel, hat deemools net eendeiteg Positioun FIR oder GÉINT d’Videosurveillance bezunn: