Réfugiéen Nei Réfugiéen hunn nach keen Impakt op de Centre de rétention

De Retentiounszenter um Findel, wou ofgewisen Asyldemandeuren an Auslänner ouni Pabeieren ënnerbruecht ginn, wier réischt betraff wann d’Prozedure vun de neien Asyldemandeuren definitiv eriwwer sinn, esou de Vincent Sybertz, Direkter vun der Struktur.

Sybertz.jpg

D’Prozedure sinn elo amgaang an et misst een ofwaarde wéi déi ausginn, esou de Vincent Sybertz. Hie geet dovunner aus, datt déi grouss Majoritéit vun de Réfugiéen, déi an de läschte Méint zu Lëtzebuerg ukomm sinn, international Protektioun accordéiert kréien. ”An deem Sënn denken ech, datt mer net iwwerméisseg belaascht wäerte ginn.”

Den Direkter vum Centre de rétention ass och zefridde well fënnef zousätzlech Mataarbechter am Januar rekrutéiert ginn. En Ausbau vun de Strukturen ass iwwerdeems net virgesinn, ënnert anerem well net méi vill Plaz um Standuert wier. Par konter entstinn nei Capacitéiten, well den Deel, dee fir Frae virgesi war an Zukunft fir Männer fräi gëtt. “Mir hu ganz wéineg Fraen a Retentioun, Mol net eng pro Mount am Duerchschnëtt.”

Am Centre de rétention kënnen theoretesch 88 Persounen ënnerbruecht ginn. Et gouf awer decidéiert Duebelzëmmer just eenzel ze besetzen, well dat net ze geréiere wier. D’Zëmmere sinn och relativ kleng a wann een d’Leit géing forcéieren zesummen an een Zëmmer ze goen, obwuel se dogéint sinn, da wier dat wéi eng Strof, seet de Vincent Sybertz. “Mir sinn als Institutioun net do fir d’Leit ze bestrofen.”

Alternativen

Mam Gesetzprojet iwwert d’international Protectioun, deen am Moment an der zoustänneger Chamberkommissioun iwwerschafft gëtt, sollen Alternativen zur Retentioun proposéiert ginn. Zum Beispill Hausarrest oder elektronesch Foussfessel.

Dem Direkter vum Centre de rétention um Findel seet et wier wichteg Alternativen ze hunn, mee laanscht Retentioun kéim ee net. “Mee et ännert näischt drun, datt der ultima ratio wäert musse kennen op d’Retentioun zeréckgräifen”, esou de Vincent Sybertz.

D’Viraussetzung fir e gutt Zesummeliewen am Retentiounszenter, ass dem Vincent Sybertz no géigesäitege Respekt. Dat géing um Findel och gutt funktionéieren.

Total illegal

De Profil vun de Leit déi am Centre de rétention am Moment ënnerbruecht si beschreift de Vincent Sybertz esou. Meeschtens sinn et “Total Illegaler”, also Auslänner ouni Pabeieren, déi net kennen noweisen vu wou se sinn. Dacks wieren et Leit déi Kontakt mam Droge-Milieu hätten an dacks géing sech erausstellen, datt et Leit aus dem Maghreb an aus dem Nigeria sinn, esou den Direkter vum Retentiounszenter.

 

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen