Findel Chantier op der Pist net ouni Konsequenzen

D’Planungsaarbechte fir déi nei Pist um Findel lafen op Héichtouren. Am Hierscht soll de Gesetzprojet iwwert de Finanzement vun der Pistesanéirung an der Chamber gestëmmt ginn. D'Sanéierung soll sech vun 2018 bis 2020 zeien. Et rechent ee mat engem groussen Impakt op de Fluchverkéier.

Maxi Pesch / cwi

Fluchpist
D'Aarbeschten un der Pist dauere vun 2018-2020. Foto: Bigstock / Erchog

Uganks 2017 sollen d'Viraarbechten um Findel lass goen, sot eis de Roland Fox vu Ponts et Chaussées. Déi grouss Aarbechte fir d’Piste komplett ze sanéiere géingen sech vun 2018 bis 2020 zéien.

Dësen Timing wier awer just an der Theorie realistesch. Géing et zu engem Retard an de Prozeduren oder an enger Soumissioun kommen, da misst de Planning adaptéiert ginn. "Mir mussen am Fréijoer an am Summer schaffen, wann d'Wieder gutt ass." Am Hierscht an am Wanter wieren nämlech d'Konditiounen net ginn, fir d'Aarbechten ze realiséieren, esou de Roland Fox.

Auswierkungen op de Fluchverkéier

Vun 2018 un hätten d’Aarbechten en Impakt op de Fluchverkéier um Findel. "Wann den Entrepreneur op der Pist schafft, dann ass et kloer datt dee Moment kee Fluchbetrib ka sinn. Da kënnen d'Aarbechten och net ënnerbrach ginn." Dofir soll Nuets geschafft ginn, tëschent eelef Auer Owes a sechs Auer Mueres. Dat hätt allerdéngs een Impakt op déi Flich, déi a Verspéidung sinn. Hei gëtt no Léisunge gesicht.

Op d'Fro op extra Konditioune fir déi verschidden Airlinen ausgehandelt ginn, äntwert de Roland Fox, datt d'Fluchgesellschafte wéissten u wee si sech mat enger Reklamatioun misste riichten. "Normalerweis wende si sech dann un de Minister oder de Bedreiwer vum Fluchhafen."

Käschte méi héich

D'Sanéierung vun der Pist um Findel gëtt méi deier wéi bis elo geduecht. Den Infrastrukturminister François Bausch hat bis ewell mat engem Käschtepunkt vu 30 bis 40 Milliounen Euro gerechent.

"Domat geet et definitiv net duer", seet awer de Roland Fox. Déi 40 Millioune géinge sécher iwwerschratt ginn. Weider Detailer wollt de Roland Fox awer keng nennen.


Sanéierung vun der Fluchpist um Findel

Méi zum Thema

Johan-Vanneste.jpg Exklusiv
Findel

Aviapartner konnt um Findel net Fouss faassen. Den Handling-Agent huet keng Cliente fonnt. Luxair géing méi Avantagë fir d'Fluchgesellschafte bidden, mengt de Lux-Airport Direkter Johan Vanneste.

François Bausch
Fluchrechter vum Qatar

Seng onlimitéiert Fluchrechter krut de Qatar am Kader vum Verkaf vun engem Drëttel vun der Cargolux u Qatar Airways, seet de Minister Bausch. D'Fro, wat Lëtzebuerg dovun hat an huet, bleift ouni Äntwert.

RER Aviation.JPG
Table Ronde Aviatioun

Ryanair, Aviapartner a Qatar Airways: Eng gutt Noriicht fir d'Aviatioun oder eng Gefor vu Sozialdumping? Den Adrien Ney, de François Bausch, de Johan Vanneste an den Hubert Hollerich si sech net eens.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen