Nei Eurostat-Reegelen: Privatiséierungsdrock fir Pensiounssystemer?

Vu September un mussen alleguerten d’EU-Memberstat nei Reegele fir d’Berechnung vun hirem PIB suivéieren. Dat europäescht Statistikamt Eurostat huet am Januar d’Detailer vun der neier Methodologie, dem sougenannte “SEC 2010” publizéiert.

Mam neien europäesche System fir déi national Comptabilitéit solle verschidde Militärdepensen, Ausgabe fir Recherche an illegal Aktivitéiten am PIB anescht verrechent.

Detailer am Bäitrag vum Pia Oppel:

 

Am Kader vun dëser Reform ginn d’EU-Memberstaten an Zukunft och obligéiert reegelméisseg eng detailléiert Analys vun hire Pensiounssystemer ze liwweren: konkret geet et drëms déi zukünfteg Käschte vun dëse Systemer par rapport zum PIB vun haut ze chiffréieren.

Des Statistik riskéiert arbiträr an politesch net neutral ze sinn, mengt de President vun der Lëtzebuerger Pensiounskeess am 100,7-Interview. Dem Robert Kieffer no hänkt d'Berechnung vu villen - deels onsëchere - Facteuren of, sou dass een am Fong all méiglech Resultater ka produzéieren: jee nodeem huet Lëtzebuerg da wéint de Käschte vum Pensiounssystem an de nächsten 80 Joer,  haut eng implizit Schold vun 300 bis iwwer 1000 Prozent géigeniwwer dem PIB. Op ee Pensiounssystem ze deier ass oder net, geet dorauser iwwerdeems net erfir, betount de President vun der CNAP.

Dem Robert Kieffer no kënnen Statistiken iwwert déi implizit Schold benotzt ginn, fir politeschen Drock géint den ëmlagefinanzéierte Pensiounssystem opzebauen. Dat fir a Richtung vun engem kapitaliséierte System ze goen, dee sech fir eng Privatiséierung eegent.

Den Interview mam Robert Kieffer:

 

Den Interview mam John Haas vum Statec iwwert de "SEC2010":

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen