Logistikplattform Süden Nei Aarbechtsplazen a Verkéiersproblemer?
Déi nei Plattform zwëschent Beetebuerg an Diddeleng soll d’nächst Joer komplett operationell sinn. Realiséiert gëtt dëse Containerterminal mat enger Plattform fir déi sougenannten "Autobunn op Schinnen" vun CFL multimodal. D'Regierung ass zefridden, de Beetebuerger Buergermeeschter fäert eng Verschlechterung vun der Verkéierssituatioun.

Déi nei Logistik-Plattform vun der CFL multimodal huet eng Fläch vun 30 Hektar. Enn 2014 hunn d'Aarbechten zu Beetebuerg-Diddeleng ugefaangen. Am September sollen déi éischt kommerziell Operatiounen ufänken, seet de Marc Wengler, Generaldirekter vun der CFL.
Am Mee 2017 soll déi nei Plattform ganz a Betrib geholl ginn. Pro Joer solle bis zu 300.000 Containeren an 300.000 Semi-Remorquë ëmgeluede ginn, esou de Marc Wengler.
Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch ass zefridden. D'Projete vun der CFL géinge séier realiséiert an de Budget respektéiert ginn. Dorop géing et ukommen, wann de Logistik-Standuert méi performant sollt ginn. D'Investissementer vun der Regierung wieren déi Richteg, esou de François Bausch.
Verkéiersproblemer verhënneren
Ongeféier een Drëttel vun der neier Logistik-Plattform ass op Beetebuerger, de Rescht op Diddelenger Terrain. Béid Gemengen hätten de Moment scho Problemer mam Trafic, esou de Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet. Den CSV-Buergermeeschter fäert, d'Gemeng misst an deenen nächste Joren eng Rei vu Chantieren duerchliewen.
Scho virun dräi Joer hätten d'Gemenge Beetebuerg an Diddeleng e Projet lancéiert, fir d'Verkéiersproblemer an de Gemengen ze regelen. Zu Beetebuerg wieren 19 Mesurë geplangt, esou de Laurent Zeimet. Camione sollen zum Beispill net méi mussen duerch d’Uertschafte fuere fir ze tanken.
Nei Aarbechtsplazen
Den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana gesäit an der Logistik-Plattform vun CFL multimodal eng Geleeënheet fir nei Aarbechtsplazen an der Regioun ze schafen. D’Plattform géing nei Entreprisen unzéien. Dës solle sech awer net zu Diddeleng selwer néierloossen, seet den Dan Biancalana. Si sollen um Site vun der Plattform bléiwen. Doduerch soll zousätzleche Camions-Trafic évitéiert ginn.