Educatioun Nei Héichschoul fir Wirtschaft

Lëtzebuerg huet zanter Mëtt September eng Héichschoul fir Wirtschaft, den Institut Supérieur de l’Economie. Zwee Studiegäng, de Bachelor an de Master an der Business Administratioun ginn dëst Joer ugebueden. Déi nei Héichschoul gouf vun der Chambre de Commerce zesumme mat der Handwierkerkummer an d’Liewe geruff.

Carole Schimmer / cwi

eufom
D'Hochschule der Wirtschaft. Foto: eufom

D’Hochschule der Wirtschaft (ISEC) huet zanter Mëtt September zwee Studiegäng lancéiert. Dei nei Uni fir Ekonomie ass als Société anonyme opgestallt, mat zwee Actionnairen: Der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers. Eng Léisung, déi soll Transparenz schafen, am Bezuch op d'Gouvernance, d'Direktioun an d'Finanzen. Am Ganzen huet d'Héichschoul 120 Studenten.

Kompetenzen erweideren

D'ISEC ass déi eenzeg Héichschoul an Europa, déi souwuel vun der Handwierker- wéi vun der Handelskammer gefouert gëtt. Dem Rektor vun der ISEC André Reuter no kéint dat de Studenten ze gutt kommen a praktesch Kompetenzen ergänzen. Donieft wëll d'Institut beruffsbegleedend Formatiounen ubidden. D'Zil ass et, dem André Reuter no, fir den Interesséierten et kënnen z'erméiglechen, nieft enger Beschäftegung oder engem Apprentissage kënnen ze studéieren. "Et ass sécher, datt dat méi Erfolleg bréngt", seet de Rektor. Et wéilt een och deene Leit eng Méiglechkeet bidde fir weider ze kommen, déi no hirem Ofschloss direkt ugefaangen hätte mat schaffen.

Vill Pläng

Aner Studenten op der Hochschule der Wirtschaft hätte schonn en héijen Universitéitsofschloss, esou den André Reuter. Esou wéilten zum Beispill Juristen oder Ingenieuren hiert Wëssen am Beräich Management verdéiwen. De Kär vum Programm wier awer de Bachelor- a Masterprogramm a Business Administration. Weider Formatiounen, zum Beispill am europäeschen an internationale Management wiere geplangt.

Hautzedaags wier een am Handwierk och mat engem Meeschterbréif net um Enn vu senge Kompetenzen, betount den André Reuter. Dofir wier et am Handwierk wichteg, datt weider Formatiounen am deem Beräich ugebuede géife ginn. Grad an den neien Technologië wier vill Wëssen derbäi komm, an dei nei Entwécklunge géife méi no um akademesche Wësse leien, wéi um manuellen Handwierk. Dat wier zum Beispill am Beräich vum Smart Building de Fall, esou den Tom Wirion, Direkter vun der Handwierkerkammer. "Haut sinn d'Gebaier intelligent Gebaier", mat ferngesteierten Elementer. Dofir wéilt een am Beräich Konstruktioun ee Studiegank aféieren. Mee net nëmmen, a ville Beruffer géif ëmmer méi Technizitéit gefuerdert ginn, "Alimentatioun, Liewensmëttelhandwierk oder Mécanique."

Och an der Wirtschaftsinformatik, an der Logistik an am Beräich "Banking and Finance" wéilt ee Formatiounen ubidden, seet de Rektor vun der Héichschoul, André Reuter. Dobäi soll op déi speziell Besoine vum Lëtzebuerger Marché agaange ginn.

Unerkennung

All Studiegank muss een Agrément kréien, deen international Kritären erfëllt. Dofir géif den Ament mat Experten d'Konzept an de Programm vun neie Studiegäng ausgeschafft ginn, heescht et vun der ISEC. D'Zil wier et, am Hierscht 2017 ee bis zwee nei Bachelorprogrammen anzeféieren, déi méi op d'Handwierk cibléiert wieren.

Wann d'Studenten Deeler vum Programm schonn an engem anere Studium gemaach hunn oder d'Wëssen iwwert d'Aarbecht gewonnen hunn, hu si d'Méiglechkeet iwwert d'Validation des acquis de l'expérience eng Dispens ze kréien. Dës Dispens gëtt et op zwee Niveauen: De Staat kann Examen an Diplomer unerkennen. Donieft kënnen Héichschoulen an d'Uni berufflech Erfahrung urechnen. Dem Tom Wirion no ass et besonnesch wichteg, datt een iwwert d'Meeschterprüfung op de Studium kéint iwwergoen. Dat wier den Ament nëmmen am Ausland méiglech, esou den Direkter vun der Handwierkerkammer.

Den Tom Wirion betount, datt d'Handwierk ee Garant géint de Chômage wier. Déijéineg, déi een Diplom an der Täsch hätten, géifen ouni Problem um Aarbechtsmaart placéiert ginn. D'Nofro wier grouss.

D’Studiegäng un der Hochschule der Wirtschaft hunn awer och e Käschtepunkt. Fir de Bachelor läit dee bei ronn 14.800 Euro fir siwe Semester.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Reckinger.JPG
Beruffsausbildung

De President vun der Handwierkerfederatioun fuerdert eng Reform vun der Beruffsausbildung. Een Enn vum "Flou Artistique" am Educatiounsministère wier dofir wichteg, fënnt de Michel Reckinger.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen