Däitschland Nei Areesrestriktiounen an Däitschland

Vun e Sonndeg u sollen an Däitschland méi strikt Mesurë gëlle fir Persounen, déi aus dem Ausland areesen. Sou soll déi véiert Well vu Coronainfektioune gebremst ginn. D'Feeler vum leschte Summer wëllt een dëst Joer net méi widderhuelen.

Max Tholl (Berlin) / cz

Frankfurter Flughafen
Den Terminal 1 um Frankfurter Flughafen (Foto: picture alliance)

Wie vun e Sonndeg un an Däitschland wëllt areesen oder aus der Vakanz zeréckkënnt, muss mat méi strikte Kontrolle rechnen. Haut beschléisst d'Bundeskabinett eng nei Veruerdnung, déi ënner anerem virgesäit, datt eng generell Testflicht bei der Arees gëllt. Persounen ab 12 Joer, déi keen Impf- oder Immunitéitsnoweis kënne presentéieren, musse vun e Sonndeg un en negativen Test hunn - egal aus wei engem Land si areesen. Och wäert et an Zukunft just nach zwou Risikokategorië fir Länner ginn. Héichrisikogebidder a Virusvariantegebidder. Als Héichrisikogebidd gëlle Länner, déi eng Inzidenz vu wäit iwwer 100 hunn, an deenen d'Klinicken iwwerlaascht sinn an net vill getest gëtt. Vaccinéiert Persoune kënnen ouni Problem aus dësen nees an Däitschland areesen, déi aner mussen a Quarantän, déi no fënnef Deeg duerch een negativen Test kann opgehuewe ginn. Wien aus engem Virusvariantegebidd areest muss sech egal wei teste loossen - ob vaccinéiert oder net.

Eng extra Reegelung gëtt et awer fir Frontalieren: si brauche keen Test, ausser si kommen aus engem Héichrisikogebidd an a kënne keen Impfnoweis presentéieren. Da musse si sech zweemol d'Woch teste loossen awer net virun all Arees. Wéi déi däitsch Policegewerkschaft annoncéiert huet, wier et net méiglech all Persoun ze kontrolléieren, mee et géif een op de Grenzen, an de Garen an op de Flughäfe Stéchprouwe maachen. Dës wieren iwwerfälleg sot de Berliner Ministerpresident Michael Müller dem "ZDF Morgenmagazin". Et stéing een elo um Ufank vun der véierter Well vu Coronainfektiounen a misst d'Ausbreedung bremsen.

Fuerderung an héich Akzeptanz fir méi streng Reegelen

D'Lescht Woch hate schonn ënner anerem de bayresche Ministerpresident Markus Söder an d'Manuela Schwesig aus Mecklenburg-Vorpommern eng generell Testflicht gefuerdert. Zuele vum Robert Koch Institut weisen nämlech, datt ëmmer méi Infektiounen an Däitschland aus der Vakanz matbruecht ginn. Vum 28. Juni bis 25. Juli wieren 3.662 entspriechend Fäll registréiert ginn - besonnesch bei Persounen, déi an der Tierkei, Spuenien, Holland, Kroatien a Griicheland waren.

Den SPD-Kanzlerkandidat Olaf Scholz sot an den "ARD tagesthemen", d'Populatioun géif méi strikt Mesurë bei der Arees begréissen. Och déi, déi elo an der Vakanz wieren, wéilten schliisslech e gudden Hierscht a Wanter. Seng Parteikolleegin a Ministerpresidentin vun Rheinland-Pfalz, d'Malu Dreyer, sot et hätt een d'lescht Joer keng gutt Erfarung gemaach, mat Léit, déi aus der Summervakanz zeréckkomm wieren, dat misst een dëst Joer evitéieren. Déi nei Mesuren sinn sécherlech e Schrëtt an dës Richtung.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Max Tholl
Lauschteren

Méi zum Thema

Markus Söder
Däitschland

An Däitschland fuerdere verschidde Bundeslänner méi strikt Reegelunge fir Persounen, déi aus der Vakanz zeréckkommen. Déi momentan Mesurë géifen eng Ausbreedung vum Coronavirus net genuch bremsen.

Mobil Impfungende 7.Juli zu Wolfsburg
Coronavirus

An Däitschland ass d'Impfbereetschaft zeréckgaangen, wat mat Bléck op déi ustiechend Deltavariant fir eng gewëss Beonrouegung suergt. D'Bundeslänner wëllen elo kreativ ginn.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • On air

    Sot emol vun 10 bis 11

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen