Flüchtlingen Nee zum Containerduerf zu Stengefort

Eng nei Biergerinitiativ vu Stengefort wiert sech géint eng geplangte Containerstruktur fir Flüchtlingen an dreet mat juristesche Konsequenzen. Vun der Politik gi méi Transparenz a méi Dialog gefuerdert. De Buergermeeschter dementéiert, datt amplaz vun 300 bis zu 2.000 Mënschen sollen opgeholl ginn.

Kanner an enger Containerstruktur zu Tréier
Flüchtlingen an enger Containerstruktur zu Tréier (Foto Tessy Steffen Koenig)

Zu Stengefort si 600 Containeren vu je 15 Quadratmeter geplangt, fir 300 Flüchtlinge kënnen opzehuelen. Dat huet de Buergermeeschter Jean-Marie Wirth confirméiert. D'Biergerinitiativ fäert, datt 2.000 Persoune kéinten ënnerbruecht ginn. Den CSV-Buergermeeschter bezeechent d'Angscht vun der asbl. "Kee Containerduerf am Duerf" als onbegrënnt.

Angscht virum Ghetto

D’Biegerinitiative fuerdert, datt kee Containerduerf zu Stengefort entsteet. Anerefalls wiere juristesch Prozeduren net ausgeschloss.

De Site zu Stengefort, op deem d'Containerduerf geplangt ass, wär net fir sou Zwecker geduecht, esou de Joé Lemmer, President vun der ASBL "Kee Containerduerf am Duerf". D'Biergerinitiativ geheit der Politik vir, ee Ghetto wëllen ze schafen. Dat wär diskriminéierent fir déi Leit, déi ukommen, a géif d'Integratioun net ënnerstëtzen.

D'Initiativ proposéiert, datt Infrastrukturen, déi et scho ginn, sollen amenagéiert ginn. D'Flüchtlinge sollen och am ganze Land verdeelt ginn.

Transparenz an Dialog

Kritik gëtt virun allem un der Art a Weis, wéi d'Containerstrukture geplangt goufen. Vun der Regierung gi méi Transparenz a méi Dialog gefuerdert. "Mat enger Opklärungspolitik, wou d'Leit Bescheed wëssen, wat kënnt. Wou d'Leit net vun engem Dag op deen aneren an der Press liesen 'dir kritt ee rise Containerduerf dohinner'", seet d'Nelly Meyers, Vizepresidentin vun der Biergerinitiativ.

Datt misst gehollef ginn, stéing net am Raum. Awer dat géif och mat de Bierger vu Lëtzebuerg am Dialog goen.

D'Gemeng gouf iwwerrascht

Och fir d'Gemeng Stengefort wier d'Iddi vun engem Containerduerf iwwerraschent komm, sou de Buergermeeschter Jean-Marie Wirth. U sech wär geplangt gewiescht, bestehend Infrastrukturen an d'Rei ze setzen. De Buergermeeschter fuerdert d'Regierung op ze klären, wat mat de Mënsche geschitt, nodeems si de Flüchtlingsstatut kritt hunn. Si missten da séier eng convenabel Wunneng kréien.

Eng Reaktioun vum Inneminister Dan Kersch (LSAP) war net méiglech well hien am Ausland ass.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen