Nationale Fussballstadion: Sportminister oppe fir Sich no alternativem Terrain

De Sportminister ass prinzipiell d’accord mat der Propose vun der Stater Buergermeeschtesch fir awer nach no enger Alternativ zur Renovatioun vum Stade Josy Barthel ze sichen.

Am 100,7-Interview nennt de Romain Schneider dofir dräi Critèren: eng Décisioun misst an de nächste Woche geholl ginn; d’Käschten dierfte fir de Staat net iwwert deem leie wat am 5-Joresplang fir d’Sportinfrastrukture festgehale gouf, d.h. tëscht 30 a 40 Milliounen Euro; an d’Stad Lëtzebuerg misst Proprietaire sinn vum Terrain. RTL Telé hat gëschter Owend bericht, dass den Terrain op deem en alternative Projet vum nationale Fussballstadion kéint entstoen, net an ëffentlecher Hand ass. D’DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer wollt sech op Nofro hin net zu dëser Fro äusseren.

De ganzen Interview mam LSAP-Minister Romain Schneider:

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen