Munneref Munneref: Büst vum Juri Gagarin gouf zougehaangen

Wéinst dem Krich an der Ukrain gouf zu Munneref d'Büst vum Juri Gagarin mat Plastik zougedeckt. Dat confirméiert de Buergermeeschter Steve Reckel eis op Nofro hinn. D'Konschtwierk erënnert un de sowjetesche Kosmonaut an éischte Mënsch am Weltraum Juri Gagarin, a steet zënter Enn 2018 nieft dem Fligereimusée am Park vum Domaine Thermal.

Serge Kesseler / cz

Juri Gagarin
Foto: Christian Tholl

Hie wier no der russescher Invasioun vun der Ukrain gefrot ginn, fir déi Büst ewech ze huelen, seet de Munnerfer Buergermeeschter Steve Reckel. "Dat war mer e bëssen ze schwéier, well déi ass awer op engem grousse Stee gestallt. An op där anerer Säit, am Ufank vun der Invasioun wousst e jo och nach net richteg, wéi dat Ganzt géif ausaarten."

Hien hätt an der Suite den Direkter vum Domaine Thermal gefrot, fir d'Büst ofzedecken "fir datt se och effektiv net méi visibel ass an datt dann och deementspriechend net méi doriwwer geschwat gëtt". Hien hätt awer keng Anscht, datt d'Büst géif futti gemaach ginn, sou de Munnerefer Buergermeeschter.

D'Büst vum Juri Gagarin war Enn 2018 zu Munneref devoiléiert ginn, a Presenz vum russesche Kosmonaut Alexander Misurkin. Virdrun hätt d'Konschtwierk an der russescher Ambassade gestanen, esou de Steve Reckel.

De Juri Gagarin (1934-1968) war am Joer 1961 deen éischte Mënsch am Weltall.

Méi zum Thema

cover_starman.JPG
D'BD vum Mount

"Starman" vum Reinhard Kleist bitt en differenzéiert a perséinlecht Bild vum David Bowie. Dat gëtt schonn am visuell beandrockende Prolog vun der Graphic Novel däitlech, an deem de Ziggy Stardust duerch eng dystopesch Géigewaart leeft.

21-11-02 715Voka Gentle (Hannah Sommer).jpg
Album vun der Woch

De Konscht-Pop-Trio vu London verféiert op hirem neien Opus mat engem komesche Misch-Masch fir chaotesch Zäiten. Op "WRITHING!" kritt ee keng Revolt, mee vill komescht Gekrëmms a Gewéckels gebueden.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen