Onrou am Mudam MUDAM: Direktioun reagéiert op Kritik vum Personal

D'Direktioun vum Mudam hëlt d'Aarbechtskonditioune ganz seriö. Dat schreift de Musée an engem Communiqué no enger Reunioun de Mëttwoch de Moien, tëscht dem Personal an der Direktioun. D'Reunioun wier deen éischte Schratt vun engem Prozess dee sech iwwer déi nächst Woche wäert zéien, heescht et weider. Et géif ee gemeinsame Wëlle gi fir d'Problemer ze léisen. Et wéilt ee sech elo prioritär drop konzentréiren nei Leit anzestellen fir d'Equipe ze stärken.

Maxi Pesch / cz

Exklusiv Mudam

100,7-Informatiounen no huet ronn d'Halschent vun der Equipe der Directrice Suzanne Cotter eng Degradatioun vun den Aarbechtskonditiounen, eng schlecht intern Kommunikatioun oder nach Onkloerheeten iwwer d'Strategie vum Musée reprochéiert. De Musée wier anescht wéi d'Directrice rezent gesot hat, och net méi an enger Transitiounsphas huet et geheescht.

D'Lescht Woch war een anonymme Bréif mat ähnleche Kritiken um Musée ëffentlech ginn. D'Suzanne Cotter, fréier am Musée Modern Art Oxford an an engem Musée zu Porto aktiv, war virun engem Joer Directrice vum Mudam ginn, dat als Nofolgerin vum Enrico Lunghi.

Méi zum Thema

Mudam_Luxembourg_©Remi_Villaggi_Mudam_Luxembourg.jpg
Politesch Reaktiounen op Onrou am MUDAM

Nom anonymme Bréif mat Kritiken un der MUDAM-Direktioun fuerdert d'CSV, datt déi nei Kulturministerin sech ëm de Musée soll këmmeren. D'Sam Tanson weist sech besuergt an déi Lénk kritiséieren d'kommerziell Ausriichtung vum Musée.

Mudam Exklusiv
Musée fir zäitgenëssesch Konscht

D'Australierin Suzanne Cotter gëtt nei Direktesch vum Mudam. Dat huet eng gutt informéiert Source eis confirméiert. Si iwwerhëlt d'Successioun vum Enrico Lunghi, deen Enn 2016 demissionéiert hat.

Laurent-Loschetter.jpg
Musée fir zäitgenëssesch Konscht

Et kéint bis Enn 2017 daueren, bis een neien Direkter fonnt gëtt. Et géif een analyséieren, wat de MUDAM brauch, seet de Laurent Loschetter. De Fonctionnement vum Musée wier de Moment garantéiert.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen