arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mosar: "Mir bezuele Feeler vun USA an EU"

Attentater zu Paräis

|
reading time

4 min

Mosar: "Mir bezuele Feeler vun USA an EU"

Westlech Kricher wéi am Irak oder a Libyen nennt de Laurent Mosar als Ursaache fir d'Attentater vu Paräis. Eng einfach Léisung géint den Terrorismus géif et net ginn, sou den CSV-Deputéierten. Fir d'éischt misst een emol d'Grenze besser kontrolléieren. An dann ophalen, de Katar oder Saudi Arabien z'ënnerstëtzen, zwee Länner, déi den "Islamesche Staat" géife finanzéieren.

reading time

4 min

D'USA an d'Europäesch Unioun hätten an de leschte Joeren a Joerzéngten eng Rei vu Feeler gemaach, besonnesch am Mëttleren Osten. Militäresch Agrëffer, wéi am Irak (2003) oder a Libyen (2011), wiere "Feeler, déi mir de Moment alleguerten amgaang sinn ze bezuelen", sot den CSV-Deputéierte Laurent Mosar am 100,7-Interview. Do wier versicht ginn, "Regimer ewech ze kréien, gläichzäiteg hate mer awer keng Alternativ fir aplaz ze setzen".

De Laurent Mosar warnt virun der Meenung, all d'Problemer a Syrien wiere geléist wann de President Assad a säi Regime net méi un der Muecht sinn. Et misst een ophalen de Bashar al Assad als "deen eenzeg schrecklechen an der Regioun duerzestellen". An där ganzer Regioun géif et keen demokratesche Staat ginn ausser Israël.

"Saudi Arabien a Katar hunn den IS mat finanzéiert"

De Laurent Mosar kritiséiert déi diplomatesch a geschäftlech Bezéiungen, déi déi meeschten europäesch Staate mat Saudi Arabien a mam Katar ënnerhalen. Et misst een "ophale mat där Hypocrisie". De kataresche Premierminister ass dëser Deeg op offizieller Visite a Frankräich. "Katar ass erwisenerweis, mat Saudi Arabien, eent vun de Länner, dat iwwer Joeren den 'Islamesche Staat' mat finanzéiert hunn", sou den CSV-Deputéierten. Béid Staate wieren "net onschëlleg un der Situatioun, an där mer elo am Mëttleren Orient sinn".

Déi terroristesch Attacken zu Paräis bezeechent de Laurent Mosar als "Ugrëff op eis alleguer, op eis Wäerter, op eise way of life". Zréckzeféiere wieren d'Attentater vum "Islamesche Staat"  (IS) op déi militäresch Situatioun a Syrien an am Irak. An de leschten Deeg a Woche wier den IS zréckgedriwwe ginn. Den Deputéierten huet ënnert anerem déi irakesch Stad Sinjar genannt, ee strategesch wichtege Site, dee kurdesch Kämpfer viru kuerzem vum IS zréck eruewert hunn. Den "Islamesche Staat" hätt mat den Attacken a Frankräich wéilten eng "Géigenoffensiv starten, och an de Medien", weisen, "datt en trotz deene Néierlagen um Terrain nach e groussen Afloss huet".

Grenze besser kontrolléieren

Géint den IS virgoe wier net einfach. Et hätt een et mat enger terroristescher Organisatioun ze dinn, déi an enger Rei Länner implantéiert wier (Syrien, Irak, Frankräich, Belsch, Däitschland). Eng Rei Mesure misste geholl ginn, ënnert anerem géint "Schléifer", also potentiell Terroristen, déi an Europa op en Asaz waarden.

An eise Gesellschafte misst ee "weider sou liewen, wéi mer bis elo gelieft hunn". Allerdéngs kéim ee net dolaanscht, fir d'Baussegrenze vun der EU an och d'Bannegrenze "wiesentlech besser ze kontrolléieren, sou de Laurent Mosar. Et wier inakzeptabel, datt staark arméiert Leit vun engem Land an dat anert kéinte reesen.

Keen Amalgam tëschent Flüchtlingen an Terroristen

Den CSV-Deputéierten huet sech iwwert eng Serie vu polemesche Messagen erkläert, déi hien op Twitter publizéiert hat. En Amalgam tëschent Terrorismus a Flüchtlingen wéilt hie kee maachen. Dës zwou Thematike "muss een trennen, do gëtt et keng direkt Lienen", mä gemeinsam Ursaachen: déi "onméiglech Situatioun a Syrien an am Irak".

De Laurent Mosar kéint sech virstellen, datt ënnert honnert dausende vu Flüchtlingen et "deen een oder anere" géif ginn, deen "net nëmmen där gudder Intentiounen" hätt. Dat géif net heeschen, "datt all Flüchtling en Terrorist ass. Et wier eng Katastroph, wenn dat Signal dobausse géif eriwwer goen", sot den CSV-Deputéierten.

De Laurent Mosar war den Invité vum Dag vum Méindeg, 16. November, am Gespréich mam François Aulner.