Wirtschaft Monsanto-Bayer kéint Landwirtschaft nach méi ofhängeg maachen

Den US-Konzern Monsanto produzéiert den “Onkrautkiller”, deen am meeschte benotzt gëtt, an zwar de Produit mam Markennumm “Roundup” an deem de Wierkstoff Glyphosat ass. Monsanto kéint demnächst vum däitsche Grupp Bayer iwwerholl ginn. D'Tessy Steffen-Koenig mengt, datt duerch eng Fusioun vu Monsanto a Bayer, d'Landwirtschaft nach méi ofhängeg vum Pestizid kéint ginn.

Tessy Steffen-Koenig

Meenung Tessy Steffen-Koenig.JPG

De Chimie- a Pharmakonzern BAYER vu LEVERKUSEN huet eng Offer gemaach fir den US-Konzern Monsanto ze kafen. D’Strategie dohannert ass kloer: Bayer wëll säin eegent Agrar-Geschäft ausbauen. Monsanto ass nämlech staark an den USA vertrueden, Bayer dogéint an Europa an Asien. Zesummen ergänzen déi béid Gruppe sech. Wann et zu enger Fusioun kënnt, da géingen si dem Wall Street Journal no, ronn e Véirel vum weltwäit verkaafte Geseems a vun de weltwäit verkaafte Pestiziden ausmaachen. Mat Monsanto zesummen, géing Bayer an der Agrarwirtschaft also eng vill méi grouss Roll spillen wéi bis elo. Donieft géing den Zesummeschloss och Monsanto “retten”. De Pestizid-Hirsteller aus den USA erlieft nämlech grad eng schwiereg Phase a baut Aarbechtsplazen of.​

Ëmstriddene Glyphosat

Déi geplangte Fusioun tëschent BAYER a MONSANTO gëtt vun Ëmweltschützer staark kritiséiert: “Gentechnik a Pestizide si keng Zukunfts- mee Risikotechnologien”, esou zum Beispill de grénge Fraktiounschef an Däitschland, den Anton Hofreiter.

Dat chemescht Mëttel Glyphosat steet am Verdacht kriebserreegend ze sinn. En neie Rapport huet Mëtt Mee Entwarnung op dësem Punkt ginn, mee och hei sti Lobbyiste vun de grousse Pestizid-Produzenten dohannert. Déi nei Etude gouf vum “Joint Meeting on Pesticide Residues” erausbruecht. D’JMPR ass en Deel-Organ vun der Weltgesondheetsorganisatioun a vun der Ernährungs- a Landwirtschaftsorganisatioun vun der UNO. Anescht wéi déi zwou éischt, huet dës nei Etude de Wierkstoff Glyphosat net selwer bewäert, mee d’Réckstänn vu Glyphosat an de Liewensmëttel. An déi sinn hirer Meenung no net kriebserreegend. Dësen Ënnerscheed ass zentral a muss verdäitlecht ginn.​

D’Onkrautvernichtungsmëttel Glyphosat ass e staark ëmstriddenen Herbizid. Och de 19. Mee sinn d’EU-Memberstate sech jo zu Bréissel net Eens ginn, ob d’Zouloossung vu Glyphosat an der Europäescher Unioun no Enn Juni verlängert gëtt oder net. De Vote gouf verréckelt.

Drock duerch Lobbyisten

​D’EU-Kommissioun kritt Drock gemaach. Vu Bauereverbänn a Pestizidproduzenten, wéi zum Beispill Monsanto, DuPont oder Syngenta. Déi dräi grouss Firmen kontrolléieren e groussen Deel vum Weltmarché a stelle Patenter op Som a Liewensmëttel aus. Dat huet eng grouss Ofhängegkeet vun de Baueren a Konsumenten als Konsequenz. Donieft schwätze Lobbyiste vu Monsanto a Bayer regelméisseg bei der EU-Kommissioun. Dat gouf och vun der Kommissioun selwer confirméiert.

Nieft de Pestizidhirsteller mécht och den europäeschen Daachverband vun de Bauereverbänn a ländleche Genossenschaften, COPA-Cogeca Drock op d’EU-Kommissioun a verlaangt, datt Glyphosat weider um EU-Marché zougelooss gëtt. Dëse Wierkstoff wier nämlech en zentrale Bestanddeel vun der Landwirtschaft. D’Baueren an der EU fäerten donieft eng onfair Konkurrenz duerch Drëttlänner, wann an der Europäescher Unioun kee Glyphosat méi dierft benotzt ginn. Et gi Méiglechkeeten op chemesch Mëttel ze verzichten, awer zum groussen Deel net mat deene Maartpräisser vun de Liewensmëttel, mat deenen d’Baueren de Moment musse liewen.​

Duerch een eventuellen Zesummeschloss vu Bayer a Monsanto géing d’Landwirtschaft vu grousse Pharma- an Chimiekonzerner nach méi dominéiert ginn. An d’Ofhängegkeet vun de Bauere géing weider wuessen.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

20150908-etgen-1000591.jpg
Landwirtschaft

D'Lëtzebuerger Regierung ännert hir Positioun zum Pestizid Gylphosat net. Dorun ännert och déi nei Etude vun der WHO näischt. De Minister Fernand Etgen mengt och, de Vote kéint rëm verluecht ginn.

Jacques MErsch.JPG
Pestiziden

30.000 Tonne Pestizide ginn all Joer an Europa versprëtzt. Dee gréissten Deel fir Liewensmëttel. Dat misst net sinn. D'Plattform "Ouni Pestiziden" weist, datt et Alternative fir d'Landwirtschaft ginn.

Pesticides
Nationale Pestizideplang

Et géif driwwer nogeduecht Glyphosat fir de private Gebrauch ze verbidden, seet de Fernand Etgen. Een "nationalen Aktiounsplang Pestiziden" gëtt scho laang gefuerdert. Den 11. Abrëll soll e presentéiert ginn.

Tractor Fertilize Field Pesticide And Insecticide
Landwirtschaft

Zu Bréissel koum et net zu engem Vote iwwert eng eventuell Neizouloossung vu Glyphosat. Wat sinn déi verschidde Meenungen zum ëmstriddenen Herbizid? A wat ass d'Strategie vu Lëtzebuerg?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen