Modert (CSV): Picasso-Bild verkafen kéint der Réputatioun vum Land schueden

Iwwerleeunge fir ee Verkaf vum Picasso-Bild paysage de Cannes au crépuscule riskéieren der Reputatioun vum Land a vum Kultur-Secteur ze schueden, esou d’fréier Kulturministesch Octavie Modert. Et misst een oppassen, wou ee mat senge Moossname fir d’Sanéierung vun de Staatsfinanzen usetzt. Vläit wier déi aktuell Regierung sech der Signal-Wierkung net bewosst. Vill Opbauaarbecht fir déi national Muséeën aus de läschte Jore kéint mat engem Fieder-Stréch futti gemaach gi, fäert d’CSV-Deputéiert.

Aus dem Kulturministère war gewuer ze ginn, datt géing ofgewaart ginn, wat de Finanzministère seet. Réischt fir duerno wier eng eventuell Stellungnahm vun der Kulturministerin zum Picasso-Bild geplangt.

D'Octavie Modert:

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen