Telekommunikatioun "Mir sinn eng Creos"
Virun zéng Joer huet de Staat d'Societéit Luxconnect gegrënnt, fir Qualitéitsinfrastrukturen am Telekommunikatiounsberäich ze schafen. Den Direkter Roger Lampach zitt ee positive Bilan a betount, d'Infrastrukturen hätten der Ekonomie an dem ICT zu Lëtzebuerg vill gehollef.
Bannent zéng Joer goufe vu Luxconnect ronn 11.000 Kilometer Glasfaserkabele verluecht a véier Datenzentre geschaaft. Dat soll virun allem dem ICT-Secteur ze gutt kommen, esou den Direkter. "Mir hunn elo d'Connectivitéit zu internationalen Destinatiounen opgeholl", erkläert de Roger Lampach. Dofir wiere vill national an international Telekommunikatiounsoperateuren op Lëtzebuerg komm.
Lëtzebuerg hätt de Virdeel, datt et zentral an Europa géif leien. D'Signaler hätten eng kuerz Lafzäit an dat wier zum Beispill fir Gaming-Societéite wichteg. Dernieft géif awer och de Stroumpräis eng Roll spillen. Dee wier vill méi niddereg, wéi an de Nopeschlänner. Grouss Datenzentre géife vill Stroum verbrauchen. "Dat representéiert eng Klengstad an dofir ass dee nidderege Stroumpräis schonn ee wirtschaftleche Facteur."
D'Entreprise huet dem Roger Lampach no an de leschten zéng Joer ronn 150 Millioune privat an ëffentlech Gelder an de Bau vun Telekommunikatiounsinfrastrukturen investéiert. Doduerch wiere eng 800 Aarbechtsplazen entstanen. "Dat Ganzt huet der Ekonomie an dem ICT zu Lëtzebuerg gehollef."
Keng Interessekonflikter
Luxconnect ass zoustänneg fir d'Implementatioun vun der Infrastruktur am Telekommunikatiounsberäich. Gläichzäiteg ass déi privatrechtlech Firma, déi 100 Prozent dem Stat gehéiert, och de Bedreiwer. Dat géif awer net zu Interessekonflikter féieren, ënnersträicht de Roger Lampach. "Mir bedreiwe keng aktiv Geräter op de Glasfaseren. D'Equipementer gi vun de Societéite selwer drop gesat.
Luxconnect plangt a bedreift och Datenzentren. Mee d'Produitssäit an d'Infrastruktur wieren awer getrennt, ënnersträicht de Roger Lampach. "Et ass net dee selwechte Bedreiwer", betount den Direkter. Luxconnect wier neutral well d'Firma keng ICT-Servicer géif ubidden.
D'Firma wier och net mat den End-Clienten a Kontakt. "Mir operéieren nom Business to Business Prinzip." Et wieren d'Partnerfirmen, déi géifen den Endclient bedéngen, erkläert de Roger Lampach. Dës Partnerfirme géifen och alleguer gläich behandelt ginn. "Mir hunn et ëmmer fäerdeg bruecht, eng Chinese Wall oprecht z'erhalen."
Den Direkter vu Luxconnect betount iwwerdeems, bis elo hätt et nach keng Attack op d'Datenzentre ginn. D'Entreprise géif awer just d'Gebaier iwwerwaachen. Fir de Recht wieren d'Cliente responsabel fir d'Sécherheet. De Reseau vu Luxconnect wier awer ofgeschott. " Mir sinn no baussen net siichtbar. Net, datt enges Daags een eis hackt an eisen Datenzenter ofschalt."
"Luxembourg, the well kept secret"
Bis viru kuerzem konnte Betriber d'Patentboxen - also deen Deel an enger Entreprise, an deem d'Proprieté intellectuelle gelagert ass - steierlech ofsetzen. Och wann dat elo net méi de Fall wier, wier Lëtzebuerg nach attraktiv fir Telekommunikatiounsfirmen, betount de Roger Lampach. Et géif elo dorëms goen, no baussen ze droen, datt Lëtzebuerg nach aner Avantagen hätt.
Viru kuerzem hätt him zum Beispill ee Chef vun enger Entreprise gesot, Lëtzebuerg wier een "well kept secret": Si hätten et schwéier, hir Leit op Lëtzebuerg ze kréien, mee wa si bis do wieren, da wéilte si net méi goen. "Mir mussen doru schaffen, datt d'Leit och déi aner Atoute vu Lëtzebuerg kenneléieren."