Flüchtlingen "Mir hunn d’Situatioun gesi kommen"

Lëtzebuerg war gutt op d’Arrivée vun enger méi grousser Zuel vu Flüchtlinge virbereet, seet d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen. Wéi héich déi Zuel kéint ginn, ass awer onkloer.

Corinne-Cahen.jpg

Anescht wéi verschidden aner Länner wier Lëtzebuerg op déi aktuell Urgencesituatioun agestallt gewiescht, mengt d’DP-Ministesch. Schonn am Fréijoer hätt d’Regierung ugefaang en Szenario auszeschaffen. Dofir kéint Lëtzebuerg am Moment de néidegen éischten Accueil fir Flüchtlinge garantéieren.

Wéi vill Leit Lëtzebuerg ophuele kann, kéint sinn net soen, esou d’Ministesch. Et kéint een awer net vun enger gewësser Zuel un ufänken, “d’Grenzen zoumaachen an pickegen Drot héichzeien”. Eng Léisung zur Kris misst europäesch sinn, seet d’Corinne Cahen.

“All d’Asildemandeuren ginn d’selwecht behandelt”

De Moment kommen nieft de Syrer vill Iraker an – virun allem mannerjäreg – Afghanen op Lëtzebuerg. Wat d’Asylprozeduren ugeet, géif keen Ënnerscheed tëscht den eenzelne Nationalitéite gemaach ginn. Allerdéngs géif den Immigratiounsministère ganz genee den Hannergrond préiwe vun all de Leit déi zu Lëtzebuerg ukommen. Deemno géif gekuckt ginn, op d’Päss an der Rei sinn, an op et sech bei de Concernéierte wierklech em Flüchtlingen handelt, also Syrer “oder vläit Trittbrettfahrer déi aus dem Maghreb kommen”.

D’Familljeministesch  wëll vill um Terrain present sinn. “Ech gi vill a Flüchtlingsheemer fir mat de Leit ze schwätzen”, seet d’Corinne Cahen. Et wier wichteg, si ze integréieren, andeems een hinnen eng Perspektive gëtt, sief et duerch Schoul oder eng Aarbechtsplaz.

D’Familljeministesch huet an deem Kontext och d’Wichtegkeet vun den “classes d’accueil” ervirgestrach, an deenen ënner anerem op d’Integratioun duerch Sprooch(en) – Lëtzebuergesch a Franséisch – gesat gëtt. Et misst een déi Concernéiert awer och generell mat Lëtzebuerg familiariséieren, an hinnen erklären “wien mir sinn a wéi mir fonctionnéieren”.

DP-Presidence: d’Corinne Cahen ass gefrot ginn

Déi liberal Familljen- an Integratiounsministesch well op Nofro hinn net soen op si Kandidatin ass fir Presidentin vun der Demokratescher Partei ze ginn. D’Corinne Cahen gëtt awer zou, datt se an der Partei dofir gefrot ginn ass. De Premier Xavier Bettel gëtt déi Funktioun jo a véier Wochen um DP-Kongress of.

Generell huet d’Familljeministesch awer net d’Gefill, datt si an der Flüchtlingskris u Profil gewonnen an domat Spannungen an der Partei kéint ausgeléist hunn. D’Regierung wier an de läschten zwee Joer gutt zesummegewuess. A wat d’Flüchtlingen ugeet, sou géif deen Dossier als Equipe geréiert ginn, an der jidder Minister seng Responsabilitéit dréit.

D’Corinne Cahen mécht awer drop opmierksam datt sinn sech schonn an de Krise vu 1999 an 2011-2012 als Benevole fir Flüchtlingen agesat huet, “Ech si mat Kleeder op d’Campinger gefuer, an ech hu mech amfong ëmmer opgereegt, datt een dat net anescht kéint maachen. Lo sinn ech an der Bringschuld an dann ass et jo nëmmen normal datt ech probéiere mäi Bescht ze maachen”, sou d’Corinne Cahen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen