Ministère : "Kee Grond fir Sécherheetsmesuren ze verschäerfen"
D’Lëtzebuerger Secherheetszervisser goufen no der Attack zu Paräis op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo a während der Sich no den Täter bis op Weideres net involvéiert, och wann déi présuméiert Täter sech mat Momenter méiglecherweis a Richtung vun der belsch-franséischer Grenz beweegt hunn. Dat krute mer bei den Autoritéite confirméiert.
De Sécherheetsautoritéiten no maachen déi franséisch Servicer a sou Fäll fir t’éischt den Tri vun den Informatiounen : direkt nom Attentat gi vill Donnéeën iwwer méiglech Täter gesammelt an ausgewäert. Eréischt wann eng Spuer an en anert Land féiert, géifen de Geheimdéngscht oder d’Police vun deem Land kontaktéiert ginn. Bis dësen 8. Januar gouf et eisen Informatiounen no keen esou e Kontakt tëscht Frankräich a Lëtzebuerg.
E Grond fir d’Sécherheetsmesuren hei am Land ze verschäerfe géif et net ginn, heescht et am Ministère fir d’Bannescht Sécherheet.
Generell gëtt et zu Lëtzebuerg enger gutt informéierter Source no an der “radikaler Communautéit” en “haarde Kär”, dee permanent observéiert gëtt. Dorënner wieren och Persounen, déi Interessi a Gefalen um Biergerkrich a Syrien a méi generell un den Djihadiste vum Islamesche Staat weise géifen. Déi “radikal” Persounen zu Lëtzebuerg wieren an der Groussregioun vernetzt – dofir wieren d’lëtzebuerger Autoritéiten och am Kontakt mat deene concernéierten Autoritéiten an der Groussregioun.
Et ass een eisen Informatiounen no an de leschte Méint méi virsiichteg ginn. De Message vum auto-proklaméierte Chef vun den Djihadiste vum Islamesche Staat am November wier och zu Lëtzebuerg gehéiert ginn, heescht et. An deem Audio-Message hat den Al-Baghdadi Mëtt November en Appel gemaach fir uechter d’Welt Vulkaner vum Djihad ze lancéieren.