Sécherheet Millioune Patiente vun Dateklau bei CERBA betraff

Millioune Patiente si vum Dateklau beim franséische Privatlabo CERBA, zu deenen och KetterThill gehéiert, betraff - wéi vill Lëtzebuerger Patienten dorënner falen, ass net gewosst. Bis ewell hätt een awer nach keng "exploitation malveillante" vun den Donnéeë feststelle kënnen, esou CERBA.

Isabel Scott / tt

Hand a Schied um Laptop
Foto: Bigstock

Lauschteren


An der Datebank si perséinlech Donnéeën, wéi Numm, Gebuertsdatum a Geschlecht erëmzefannen, an och medezinesch Donnéeë wéi Resultater vun Analyse fir den Zäitraum tëscht 2017 bis Juni 2021.

37 GB Date waren exposéiert

Duerch e mënschleche Feeler beim IT-Prestataire HISI, engem Sous-traitant vu CERBA waren d'Donnéeë wärend e puer Deeg am Internet exposéiert an du geklaut ginn, esou d'Spriecherin vu CERBA am 100,7-Interview.

De betraffene Serveur hat 37 GB Date gespäichert. Dat entsprécht den Donnéeë vun en puer Millioune Patienten, esou d'Aschätzung vum Emmanuelle Saby. CERBA-Healthcare schafft mat 450 Laboratoiren, dorënner och de Lëtzebuerger Privatlabo KetterThill. Deemno wier et also méiglech, datt Lëtzebuerger Patiente vum Dateklau betraff wieren.

KetterThill schéckt ënner anerem Bluttprouwe bei CERBA fir op Dengueféiwer an dem Zikavirus ze préiwen, an och Allergietester.

E Mataarbechter vu KetterThill bestätegt, datt vill Leit de Laboratoire wéinst dem Dateklau kontaktéiert hätten. Wéi vill Analyse vu Lëtzebuerger Patienten tëscht 2017 an 2021 u CERBA weidergeleet goufe wollt KetterThill awer net präziséieren.

Internet-Iwwerwaachung vu CERBA

CERBA huet a Frankräich eng Plainte deposéiert, an zu Lëtzebuerg gouf d'Dateschutzkommissioun informéiert.

D'Donnéeë wiere bis elo net exploitéiert ginn, esou d'Spriecherin vu CERBA:

"Depuis que nous avons connaissance de cet incident on repère une veille active, nuit et jour sur internet pour voir s'îl y a une exploitation malveillante des données. (...) A ce jour aucune exploitation malveillante n'est à déplorer."

Et ass net déi éischte Kéier, datt franséisch Laboen Affer vu Dateklau goufen. Ugangs dës Joer stounge perséinlech Donnéeë vu 500.000 franséische Patienten an engem Forum um Darknet zum Verkaf, hu Recherchë vun der Cybersecurity-Firma CybelAngel erginn.

Wéi lukrativ ass esou een Dateklau?

Méi zum Thema

Hand a Schied um Laptop
Sécherheet

KetterThill mellt een Dateklau beim Laboratoire-Netzwierk CERBA. Eventuell kéinten och Donnéeë vu KetterThill betraff sinn. Wie méi Informatioune wéilt kréien, kéint sech un den Dateschutzbeoptraagte vum Laboratoire wenden.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Sot emol vun 10 bis 11

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen