Dan Kersch "Migratiounswell net um Enn"
"A Syrien gëtt nach ëmmer monter weider gebommt, sou datt ee muss dovunner ausgoen, datt d'Migratiounswelle net eriwwer ass." Dat seet den Inneminister Dan Kersch am Gespréich mam Mick Entringer, an deem et och ëm d'Zukunft vun de Kierchefabriken an d'Reform vun de Rettungsdéngschter geet. François Aulner
D'Regierung hätt hei am Land elo siwe Strukturen detektéiert fir Flüchtlingen ënnerzebréngen (Stengefort, Mamer, Dikrech, Jonglënster, Zolwer, Maarnech an Esch). "A mir sinn nach ëmmer amgaang nei Siten ze detektéieren", esou den Dan Kersch. An dëse Strukture géinge maximal 300 Mënschen ënnerkommen. Senger Meenung no, wieren dat verhältnisméisseg kleng Strukturen. Zu Tréier beispillsweis, géinge bis zu 3000 Mënschen an engem Flüchtlingsheem opgeholl ginn.
Den Inneminister sot awer och, datt et un Zäit gefeelt hätt fir nach méi kleng Strukturen ze fannen. An der Vergangenheet schonn, hätt déi fréier Familljeministesch ëmmer rëm Appeller un d'Gemenge lancéiert. "Mee wou mer et awer net fäerdegbruecht hunn d'Gemenge genuch z'iwwerzeege fir dës Strukturen ze schafen." Elo wier een an enger Noutsituatioun. Zanter September sinn 2600 Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ukomm.
Kierchefabriken: "um Terrain decidéieren"
Wéi mat de neier Konventioun tëscht dem Staat an der kathoulescher Kierch ausgemaach gouf, ginn d'Kierchefabriken, déi d'Haiser an aner Avoire vun der kathoulescher Kierch geréieren, ofgeschaaft an duerch ee Fong ersat, deen dem Bistum soll ënnerleien. Wat an de Fong kënnt a wat d'Gemengen iwwerhuelen, sollen d'Leit um Terrain decidéieren, esou den Dan Kersch.
Den Inneminister sot: "Wa si Konventioune fäerdegbrénge bis den 1. Januar 2017, da wäerte mer dat tel quel an d'Gesetz aschreiwen, fir datt kloer ass wien Proprietaire vum jeeweilege Gebai ass." Fir déi Gebaier wou ee sech net géing Eens ginn, wier virgesinn, datt de Gesetzgeber virun Enn vum Joer tranchéiere soll.
Rettungsdéngschter: E Plafong fir d'Gemengen?
Bei der Reform vun de Rettungsdéngschter, déi zanter August an der Chamber deposéiert ass, sot den Dan Kersch hie wier bereet mat de Gemengen ze diskutéiere fir eventuell Finanzéierungs-Plafongen anzeféieren.
"Ech hu vun Ufank u gesot, datt wa mer wëllen e Qualitéitssprong maachen, da kënnt dat net zum Nulltarif", huet den Inneminister widderholl. Hien huet awer och erënnert, datt am Moment de Staat ronn 36 Prozent vun de Käschte vun de Rettungsdéngschter finanzéiert. An Zukunft wieren et 50 Prozent.